
Super Bob: 57 Joer nom Charly Gaul hat de jonke Jungels nees de Maillot Rose fir Lëtzebuerg un. Et kinnt bal eng Asterix Geschicht sinn. Beim Asterix gëtt vill iwwert d’Gaule geschwat; bei Etixx an dem Jungels goung et vill ëm den Charly Gaul…
Ongerechtegkeet bei de Panama Papers: Et ass elo erausfonnt ginn, wisou Lëtzebuerg fälschlecherweis ëmmer gläich gestallt gëtt mat Steierparadäiser, wéi zum Beispill de Bahamas. Et ass dat de Fall, well d’Haaptstad vun de Bahamas Nassau heescht, genee wéi eis groussherzoglech Dynastie.
Ryanair: Di Iresch Bëllegfluchgesellschaft ass geschwënn och bei eis implantéiert. Kee Wonner, datt um Lux Air-Porte d’Dieren hir Plaz hunn.
Prix International Charles IV: De Grand-Duc Henri krut dësen zu Prag, nodeem e 14 Joer laang net vergi gouf. Si wollten deemno zu Prag fir den 700. Anniversaire vum Keeser Karl de IV en däitlecht Tsch-eechen setzen.
Tie Break ausgebreet? Elo wou Roland Garros ufänkt a geschwënn Wimbledon, sinn ëmmer méi Stëmmen ze héieren, fir och am 5. Saz den Tie Break anzesetzen, fir aus deenen onendlech laange Matcher eraus ze kommen. Den 23. Juni ass jo an England de Referendum iwwert den Brexit. 4 Deeg drop fänkt do Wimbledon un, mat vläicht dem Tie Break-xit.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...