Richtege Wanter a Salzmangel: Wéi et d’lescht Woch esou gefruer war, huet ee bal iwwerall d’Salz vermësst. Et waren esouwuel d’Baachen wéi di kleng Flëss gefruer. D’Mier am Fong net, well jo Salz dran ass ...

Feierlechkeeten:
Ëm de Joreswiessel gouf jo enorm vill gefeiert. De Nightrider ass andauernd rondrëm gefuer trotz Schnéi. Eng Busentreprise soll esouguer selwer gestreet hunn. Et war dat d’Entreprise Salz-Lentz.

De Krees ass nees zou: Den Arnold Schwarzenegger ass jo net méi "Governator". Vu senger politescher Carrière ass et den Terminus; also si mer nees beim "Terminator".

Nei
Cyclisteformatioun: Éier gewosst war, datt d’Equipe "Leopard-Trek" géif heeschen, hat een op eng dänesch Entreprise spekuléiert, déi och gutt bei de Lëtzebuerger Vëlosport gepasst hätt, besonnesch well d’Manager vu Leopard Däne sinn. Et wier dat d'Entreprise Ve-lux gewiescht.

Europameeschterschaft-Qualifikatioun 2012 am Football:
Mussen d’Esten awer nach d’Matcher spillen? Ech hat gemengt, Estland wier zanter dem 1. Januar fir den Euro qualifizéiert.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...