
Kee President vun der FPÖ! Den Alexander Van der Bellen huet et ganz knapp gepackt d’Presidentewahl an Éisträich ze gewannen. Am Fong ass dat ganz logesch datt den éischten Aurti-Chien e Van der Bellen ass.
Banque du Sperme: Am Frankräich ginn et ëmmer manner Männer déi bereet sinn hire Sperma ze spenden. Genee wéi beim Benzin, sinn bei eisem Noperen d‘Reserven bal eidel. De Geste fir säi Sperma ze ginn ass gratis an dat gëtt elo a Fro gestallt. D’Donneuren sollen vläicht an Zukunft Sue viréiert kréien an zwar eventuell iwwer „Ordre Spermanent“.
Streiker a Frankräich: Et huet esou misste kommen. Zanter Joeren huet et sech ugedeit datt d’Leit quasi alles op d’Tankstellen kafen ginn; Brout, Mëllech, Zeitungen… Et ass zwar net an der Press gesot ginn mä et ginn ganz laang Waardeschlangen op de franséischen Tankstellen, net well kee Benzin méi do ass mä, well d’Leit nieft de Kommissiounen, elo och dohinner ginn fir ze tanken.
Nees Leaks: Nom Schülerleak well en 13èmes Schüler Prüfungsfroen gehackt hat, war dës Woch zu Lëtzbuerg e weidere Leak. Et goufen um Mëttwoch Owend a verschiddenen Uertschaften Alkoholkontrollen gemaach; am Ganzen iwwer 250 an et sinn komesch Informatiounen eraus komm. Dat war ganz kloer en Alkohol-Leak.
Roland Garros: De Gilles Muller ass géint den Marcos Baghdatis aus Zypern leider ouni Chance ënner gaangen wéi an alt Schëff. Et war also e Schëff-lenger géint en Zypri-yacht.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...