
Katastrophaalt Héichwaasser: Hei am Land goufen et deels katastrophal Zoustänn wéi zum Beispill zu Siren an dat wéinst dem extrem ville Reen. Verschidde Leit hu misste relogéiert ginn. An der Gemeng Weiler-la-Tour konnte Refugiéë vu Siren direkt ënnerbruecht ginn.
Euthanasie: D’Gesondheetsministesch huet kloer gestallt, datt wann en Dokter d‘Euthanasie net wëll bei engem Patient maachen, en Ersatz muss fonnt ginn. Heescht dat, datt den Dokter en aneren Patient soll erléisen?
Harceleur am Parlament: Am Frankräich ass d’Affär Denis Baupin mat Recht e rise Skandal. D’Elen Debost vun der Gemeng Le Mans huet di grave Affär publik gemaach. Et ass gutt, datt d’Infoen aus där Gemeng koumen. Et mécht nämlech Sënn am Kontext harcel-Le Mans.
TDL: De Lëtzebuerger, deen direkt de Leader-Maillot hat, wollt op der leschter Etape profitéieren, fir um decisive Bierg ze wannen. Fir datt en Drucker laang a gutt geet, brauch een e Bierg Pabeier. Beim Jempy Drucker wier et op der leschter Etape de Pabeierbierg gewiescht ...
Nuetsmarathon: An Ostafrika a besonnesch am Kenia lafen d‘Leit ganz, ganz vill, well si op d’Juegd musse goen. Kee Wonner, datt déi Athleten den ING-Nuetsmarathon dominéieren; et si jo IN-Jeeër.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...