
Réiser Päerdsdeeg: Dës gi jo grad am Réiserbann organiséiert wou d’Héichwaasser onheemlech vill Iwwerschwemmungen mat sech bruecht huet. Virun e puer Deeg nach hat ee gefaart datt wéinst dem Héichwaasser just Séipäerdercher do kinnten an den Asaz goen.
Héichwaasser: Vill Gebaier stoungen di lescht Woch ënner Waasser an och muench Epicerien. An de Kelleren waren kiloweis Mëllech, Botter oder aner Produiten iwwerschwemmt. Dem Botter huet dat net esou vill ausgemaach. Et hëlt een jo net fir näischt fir ënner Waasser ze goen U-Botter…
Dammefussball: Bei den Damme kënnt bei Coupe- oder Barragematch no 90 Minutten direkt d’11 Meter Schéissen. Beim Barragematch Fola géint CEBRA hat den Arbitter dat vergiess an d’Verlängerung spille gelooss. Et gouf frësch gespillt obwuel di Escher d’Fola-ängerung gewonnen haten.
EM 2016: Viru genee 20 Joer hate 16 Equippen bei der EM mat gemaach wéi vun do un bei all EM. A grad elo am Joer 20 16 sinn et no 20 Joer net méi 16 Equippen déi mat maachen mä 24.
NBA Finals: Cleveland spillt géint Golden State. Et si bei béiden Equippen Risen um Terrain. Am amerikanesche Basketmilieu gëtt d’Taille jo a «Feet» ausgedréckt. Ass dat de Fall well de Spiller hier Foussgréisst besonnesch impressionnant ass? Et si Spiller an der Final déi hunn ëmgerechent 25 am Fouss…awer an der Breet.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...