
Stroossebelag: Egal, aus welcher Direktioun een op der Autobunn kënnt; et steet zanter enger Zäit ëmmer "Nid de poule" ugeschloen. En englesche Kolleg huet gemengt, dat misst eng grouss Stad sinn, well dat jo iwwerall do steet. Hien, de vu Liverpool ass, géif sech freeën Nidepoule ze gesinn.
Solde bei de Prêten: Och op de Banke ginn et Perioden, wou d'Cliente besser ewech kommen. Eemol bei de Wanter- an eemol bei de Summer-scholden.
Ronne Gebuertsdag: Normalerweis feiert een de 50., 60. oder 70. ganz grouss ... Beim Rocco Siffredi ass geplangt "en grande pompe" den 69. Gebuertsdag ze feieren.
Märecher kënnen aktuell sinn: Fir sech am Ufank vum Joer de Wiederconditiounen an dem ville Schnéi unzepassen, huet en Theaterrealisateur de Casting vun engem Mäerche geännert an d'Stéck gouf "Zwerg an di 7 Schnéiwitschen" genannt.
Schi-Weltcup: Et ass di éischte Kéier, datt e Sportler aus Israel op internationalem Plang dominéiert. Seng Stäerkte sinn de Spezial- an de Rise-shalom.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...