Jogi erwëscht: Den Däitschen Nationaltrainer Löw huet sech ferm blaméiert wéi hien sech während dem éischten Match an d’Box gefuer ass. Jiddereen schwätzt während der EM nëmmen iwwer di aggressiv Supporter. Bei senger Aktioun wollt de Löw kucken wéi et wier mat den Hooli-gäns.

Verdikt am Basket Doppingfall: De Spiller vum T71 Christopher Jones gouf fir 9 Méint gespaart. Et dauert jo 9 Méint bis Kanner op d’Welt kommen dofir ass dës Sperr logesch. Den Jones hat jo Kanner-bis konsomméiert.

Ongewinnte Petitioun: Dës ass lancéiert ginn fir datt d’TVA op Tamponen a Binden soll reduzéiert ginn. Et ass ee gespaant ob dës legitim Demande vun de Fraen gehéiert gëtt well d’TVA hänkt of vun der «Administration de l’Enregistrement et des Do-men».

Alarm zu Déifferdéng: Leider hat den Tëschefall bei ArcelorMittal Gemeinsamkeeten mat der Gewalt an den Stadien op der EM. Zu Déifferdeng war de Problem e Waggon voller Granaten; op der EM sinn et waggonenvoll Hooligans di kommen a granatevoll sinn.

EM a Streik: Am Frankräich seet d’Gewerkschaft CGT quasi zu jidderengem datt hie streiken misst. De Syndikat huet allerdéngs vergiess den Hooligans ze soen si sollen hir Aktivitéit stoppen.

AUDIO: Flunkernews 24/16 vum Serge Olmo.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...