
Keng gutt Matière: Op der EM beim Match Schwäiz géint Frankräich huet all Mënsch de Geck mat de Schwäizer Trikote gemaach. Et konnt een se nämlech wéi Pabeier zerräissen. Gutt, datt den däitschen Trainer Löw bei senger vill diskutéierter Aktioun beim däitschen Optaktmatch keng Puma Box an Ënnerwäsch hat…
Staatsrot; Isabelle Schlesser nominéiert: Well di gefrote Parteie kee Member wollte proposéiere fir an de Staatsrot, war d’Regierung virun zouenen Dieren. Et gouf keen Auswee méi hat ee gemengt. Do huet scho bal missten e Schlesser kommen, fir d’Situatioun ze deblockéieren.
Entwäertung: Nom Brexit verléieren di placéiert Suen ëmmer méi u Wäert, haaptsächlech a Groussbritannien, awer och bei eis. Wann et esou weider geet, da sinn di eenzeg, déi nach Suen op der Säit hunn, déi, déi nieft engem Bankomat wunnen.
Brexit op Nationalfeierdag: Firwat dee Referendum op engem Donneschdeg organiséieren? Et gouf nämlech a Groussbritannien an haaptsächlech an der Englescher Haaptstad e risegt politescht LonDonner-Wieder.
Aachtelsfinallen: Gottseidank gouf et bis elo keen Terrorismus op der EM. Trotzdem maachen d'Djahadisten eng falsch Propaganda fir déi, déi näischt vu Fussball verstinn. Si luewen bei hiren Supporter d’Qualifikatioun vun IS-land.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...