
Up and Downs nom Brexit: Grad den Dag wou den Zlatan Ibrahimovic annoncéiert huet op Manchester United ze wiesselen goung d’Bourse nees an d’Luucht. Dat huet de Zlatan dozou bruecht ze soen datt nodeem Groussbritannien Europa verlooss huet, huet den Zlatan Groussbritannien opgeholl.
Informell Réunioun iwwert de Brexit: Di Lëtzebuerger Ministeren hunn sech gesinn fir iwwer déi gréissten politesch Scheedung ze schwätzen. Vü datt iwwer eng Scheedung geschwat gouf ass et keng Iwwerraschung datt di Réunioun zu Lipper-scheid war.
Irland super beléift: Nom Brexit ginn et vill Britten déi di iresch Nationalitéit wëllen fir an der EU ze bleiwen. Fir di aner Europäer, an haaptsächlech fir d’Fransousen, muss een elo fir op d’Insel ze kommen den Eire-melkanal passéieren.
Surprisen bei der EM: An den Aachtelsfinallen goufen di Englesch Ambitiounen duerchgestrach géint di erstaunlech Islänner. D’Situatioun ass di selwescht bei de Fändelen. Wann een den islänneschen Fändel hëlt an dësen duerchsträicht da kritt een de Briteschen.
Hallef-Hallef Finale: Bei der Halleffinale op der EM tëscht Portugal a Wales oder och Pays de Galles op franséisch genannt, ass Portu-Galles de Favorit.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...