AUDIO: Flunkernews 27

Lanceurs d’alertes: D’CSV huet jo de Claude Wiseler als Spëtzekandidat fir d’Chamberwahlen 2018 annoncéiert. Muenchereen seet datt dat komesch gelaf ass. Déi Leit déi dat an d’Welt gesat hunn sinn Wiseler Blowers… 

Ganz aner Fans: Op der EM goufen et virun allem am Ufank grouss Problemer wéinst den Hooligans dat haaptsächlech zu Marseille bei der Parti Russland-England. Beim Tour de France an allgemeng beim Velosport dogéint sinn d’Fans ni aggressiv. Dowéinst ass et komesch datt di schro Reiwereien grad um Stade Velodrome waren.

Public Viewing: Fir et wéi d’Fussballsupporter ze maachen hu sech während der EM verschidden Economie- a Politiksupporter getraff fir zesummen op enger rise Leinwand Reportagen iwwer Wikileaks, Luxleaks… ze kucken. Et war dat bei Publeaks Viewings. 

Beim 2. leschte Match eliminéiert: Di Däitsch Nationalequipe huet et net gepackt. Hiren Trainer hat muench Absenen géint Frankräich an huet ferm misste ëmstellen an Decisiounen huelen. Hien huet net alles richteg decidéiert. Et war definitiv net seng Ha-löw Finale.

Gleeweg Supporter: Virun der Finale si vill Fans vum Portugal a vum Cristiano Ronaldo op di bekannst Pilgerplaz a Portugal biede gaang. Et war dat zu UEFA-tima. Kee Wonner well Cristiano heescht jo Chrëscht.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...