
Autofestival a Gëlle Fra: Den 28. Januar kënnt d’Gëlle Fra nees op hire Sockel. Den Autofestival geet den Dag drop un, well si d’Patrounin vun den Autofuerer ass. Si huet och dofir e Steierrad an den Hänn.
Virbereedungen op den Autofestival: Et gesäit ee vill Autovendeuren joggen a soss trainéieren, fir prett ze si fir di konditionnell intensiv Wochen, déi elo kommen. Duerch Training kommen d’Vendeuren op d’Festivalskonditiounen.
D’Gemengewahle si schonn en Thema: Fir d’Majoritéite sollen d’Gemengewahlen eng logesch Suite si vun der aktueller Situatioun. D’Wahle si jo vun 8 Auer un den 9. Oktober 2011. Also um 8 den 9.10.11.; wann dat keng logesch Suite ass ...
Problematik Diddeleng / FLF: Et ass guer net wouer, datt di Diddelenger, obwuel se eng Football-Schoul lancéiert hunn an d’Nationalspiller zu Diddeleng gelooss hunn, eng Konkurrenz wëlle sinn. Et ass bestëmmt och nëmmen eng Rumeur, datt si sech geschwënn FLF 91 nennen.
Tennis: De Gilles Müller hat jo den éischte Match op den Australian Open fir sech entscheet. Hien huet also den 1. Tour gewonnen. Elo ass et un de Cyclisten en Tour ze wannen.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...