
Geschwë geregelt: nieft dem Brexit wou Groussbritannien vun der EU getrennt gëtt, gëtt et geschwënn hei am Land mam Regléieren vun der Zukunft vun de Kierchefabriken, d’Trennung vu Kierch a Staat. Et ass dat nom Brexit de Kierchefa-Brixit.
Remaniemenent an der Regierung: Et solle jo geschwënn Wiesselen kommen. Egal wat kënnt, de Romain Schneider wëll Sportminister bleiwen. Fir hien gëtt et keen Romain-niement.
Theresa May nei staark Damm: Di éischt Premierministerin an England war d’Margareth Thatcher. D’Ofkierkierzung vu Margareth ass Gréit. Dofir gouf deemools vill iwwer Gréit Britain geschwat. Di nei Premierministerin gëtt elo schonn mat der Thatcher verglach. Et sinn der déi soen also et wier Maygereth…
TDF: Den Tom Dumoulin huet zu Andorra um Bierg gewonnen. Et ass komesch datt di haapt Etape vun de Pyrénäen vun engem Coureur vun Giant Alpen-cin gewonnen gouf.
Europameeschter: et ass jo gewosst datt an Schwäiz net erlaabt ass an der Nuecht Kaméidi ze maachen. D’Portugisesch Supporter sinn dohannen no der Victoire an der Finale duerch d’Stroossen gefuer an hu wéi geckeg getut mä si haten hir Tuten am Auto iwwer Kopfhörer geschalt.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...