Republikanesch Konventioun: Dës gouf an der Hal vun de Cleveland Cavaliers organiséiert, dem amerikanesche Basket-Champion. Dem Trump seng Fra, déi mam Meederchersnumm Knavs heescht, huet sech ferm blaméiert, well si eng Ried vum Michelle Obama kopéiert huet. Blamabel awer vum Melanija Trump an dat grad an der Hal vun de Knavsvaliers.

AUDIO: Flunkernews 29/16 vum Serge Olmo

Russeschen Dopping a Rio: Et ass erauskomm, datt d’Athleten an esouguer d’Federatiounen a Russland am grousse Stil solle mat Dopping gedealt hunn an deemno vläicht all di russesch Athleten ausgeschloss gi vun Olympia an dat am Land wou d’Deal-ma Rouss-eff um Rudder ass.

Putsch an der Tierkei: Wahrscheinlech ass de Putsch net gelongen, well de President Erdogan mat der Apple-Applicatioun Facetime mam Vollek geschwat huet. D’Supporter vum Erdogan an d’Frënn vun Apple hu vun Türkeiphone geschwat.

Leider net ëmmer gutt drop: Eis 2 Lëtzebuerger am Tour de France verléieren, deelweis duerch Krankheet, bei villen Etappen zimlech vill Zäit. Gutt, datt de leschte Roudag zu Bern war an den Depart, den Dag drop, op der selwechter Plaz. Soss wieren eis 2 Cyclisten, bei engem schlechten Dag, vläicht scho beim Deplacement ofgehaange ginn.

Net bei der Equipe: De Gilles Muller war zu Newport an Amerika op engem Tournéier an d’Davis-Cup-Equipe huet ouni hie géint Norwegen verluer. Amplaz de Match op der Kap ze spillen, hätten si den Davis Cup an der Stad an der Rue «Porte Neuve» programméiere sollen, wou och en Tennis-Veräin ass. Dat hätt de Mulles vläicht hei gehalen, well di Stater Strooss kléngt wéi «New Porte».

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...