
Vakanzendestinatiounen: D’Wuert Vakanz kënnt aus dem Latäin "vacare", wat heescht "net besat oder fräi". 't ass Zoufall, datt grad déi Länner wéi Tunesien, Ägypten an och d’Belsch, wou de Pouvoir zimlech vacant ass, d'Lëtzebuerger immens unzéien, fir an d’Vakanz ze goen.
Affär Nicolas Schmit: Am Aarbéchtsministère huet eng Mataarbechterin e Bréif geschéckt, fir hire Minister a Schutz ze huelen. Si identifizéiert sech ganz mat hirem Ministère; kee Wonner, di adlech Secretärin heescht Yasmine ISTÈREDUTRAVAIL.
Dioxinskandal an Däitschland: D’Fleeschproduzenten hunn e Concours organiséiert, fir datt d’Leit nees Vertraue kréien an d’Fleeschproduiten. Zoufälleg hu sech fir d’Ronn vun de leschte 4 nëmme Kalleffleeschproduzente qualifizéiert. Wie wënnt dann d'Kalleffinallen?
Johnny Hallyday: De franséische Megastar huet jo zu Lëtzebuerg investéiert, fir manner Steieren a Frankräich ze bezuelen. Anscheinend ass säi neie Projet hei am Land, eng "Rockhal-lyday" ze bauen.
Parallel-WM: De Sonndeg geet jo a Schweden d’Handball-WM op en Enn. Parallel hunn d'Agility-Clibb, och a Schweden, hir WM organiséiert. Et steet een Hond am Goal a 6 anerer sinn um Feld. D'Zil ass et, de Ball an d'Patten ze huelen an an de Goal ze schéissen. Et ass dat Hondball.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...