
Liichtathletik: Et huet een sech gewonnert datt den David Fiegen e leschte Sonndeg net um groussen Meeting an der Coque deelgeholl huet mee zu Bordeaux gelaf ass. Den Athlet sicht sech nach selwer dës Saison. Et ass dann also normal datt een éischter a Südfrankräich Fiegen fënnt wéi an der Coque.
Traditioun: No Liichtmëssdag si bestëmmt vill Kanner méi schwéier well se tonne Séissegkeete giess hunn. Firwat nennt een dat dann Liicht-mëssdag. Kinnt ee net vläicht e Liichtmëssdag Light organiséieren ?
Steierkaarten: All Joer ginn d’Steierkaarten geschéckt; meeschtens fir ze kontrolléieren ob d’Adress stëmmt. Ech mengen do ass e logesche Feeler: Wann d’Adress net méi stëmmt da kënnt d’Steierkaart jo net un.
Autofestival: D’Autoen ginn ëmmer méi modern; no de Summer- a Wanterpneuen kommen elo och d’Summer- an d’Wanter Airbagen. Am Summer sinn se mat frëscher Loft an am Wanter mat waarmer.
Economesch Regel: D’Kickerspiller verdéngen manner wéi d’Äishokeyspiller. Dës hu méi e klenge Loun wéi d’Handballspiller. Déi am Football hunn den déckste Loun. De Verdéngscht ass also ofhängeg vun der Gréisst vum Goal. D'Taille vum Goal an de Verdéngscht gin also vu ganz kleng bis grouss oder vun David bis Goal-iath.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...