
Waffeproblemer op der Fouer: Bei verschiddene Forainen haten d’Autorisatioune gefeelt an op engem Schéissstand hat de Proprietär esouguer kee Waffeschäin. Et huet ee sech gefrot, ob den Nopeschstand, dee Gaufrë verkaf huet, iwwerhaapt e Waffelschäin hat?
Skandal beim CIO bei Rio 2016: De Patrick genannt Pat Hickey huet sech aus dem Exekutivcomité missten zeréckzéien, well hien illegal grouss Beneficer mat Tickete gemaach huet. Et sinn der, di nennen hien «Pat Ticket».
Wéineg Touristen a Frankräich: Vill manner Leit si bei eis Nopere komm, haaptsächlech wéinst der Angscht virun Attentater a besonnesch virun Explosiounen. A Spuenien a virun allem zu Granada sinn dogéint vill méi Touriste komm. Aus Angscht virun de Bomme si vill Leit op «Grenade» gaangen.
Pokemon Go a Pikachu an der Tierkei: Nom Putsch hat de President bestëmmt och déi App installéiert, well hien huet och iwwerall probéiert, deen een oder aneren ze fänken. An der Tierkei hunn d’Leit vum Pouvoir Poutsch-kachuen gefaangen a leider net virtuell.
Congé Collectif: Am August war jo de Congé Collectif zu Lëtzebuerg ënner anerem um Bau, wou ganz vill portugisesch Aarbechter aktiv sinn. Dës hate sech jo am Juli enorm gefreet, wéi d’Seleção d’EM gewonnen huet. Et gouf während dem Congé net vun Europameeschterschaft geschwat, mä um Bau éischter vun «Europameeschter schafft net».
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...