Patchwork-Familljen: Am Fong ass Valentinsdag net esou schlecht. Den Dag kann engem einfach net entgoen. Et verwiesselt een awer di aner speziell Deeg. Ee Kolleg wollt nämlech säin Hochzäitsdag feieren. Et war och de richtegen Dag mee mat der falscher Fra.

Kris an Ägypten: Den Hosni Mubarak wollt jo bis September bleiwen. Hien huet awer elo säi ganze Congé vun 2011 geholl an hien hat nach bestëmmt vill Iwwerstonnen vun de leschten 30 Joer...

Vollekszielung: Op den Ziedelen vun der Vollekszielung sti muenchmol onméiglech Saachen drop. Et ass heiansdo Science fiction. Et passt éischter bei Startrek wéi bei d’Statec.

Alles am Botter tëscht Flamänner a Walloune:
Eigentlech geet et tiptop an der Belsch an d’Land hällt och gutt zesummen. Et ass och guer net bedenklech dat di Responsabel aus Flandern geschwënn eng Ambassade wëllen an der Wallonie opmaachen.

Stark rout Léiwen:
Bei der Parti Lëtzebuerg-Slowakei huet ee bei dem starke Niwwel de Slowakesche 1-0 net gesinn; et war op jidder Fall alles vague. D’Journalisten hu sech gefrot: „wen huet gepasst a wen huet geschoss…Et war also grad esou Slo-wen wéi Slo-vague.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...