Longenentzündung mat Konsequenzen? D’Hillary Clinton hat, direkt nodeem et hier schlecht gouf, hir Rees an d’Géigend vu Long Beach a Kalifornien ofgesot. Et ass richteg bei enger Pneumonie «Long» Beach of ze soen.

Containerdierfer: Et gi Problemer fir Better ze kréien fir d’Flüchtlingen. An dësem Fall zu Stengefort ass et och wéinst Naturschutz an d’Protektioun vun de Fliedermais. De Batman steet jo als Symbol fir d’Fliedermais; dowéinst ass et iwwerraschend datt et wéinst de Fliedermais kee "Bat" gëtt fir d’Awanderer.

Rentrée: D’Fransousen kënnen net verstoen datt d’école fondamentale, also d’Schoul fir di Kleng, och «Grande»schoul genannt gëtt.

Neie Sponsor bei der FLF: Et gëtt vill iwwer de neie Sponsor CMCM geschwat deen op den Trikoten vun den Fussballs Arbitter ze gesinn ass. Et ass kee Wonner datt d’«Caisse Médico-Chirurgicale Mutualiste » grad bei den Arbitter ze gesinn ass, si gi jo scho laang «Chir-ien» genannt…

D’Canicule vun Enn August ass vergiess: Et waren immens waarm Deeg an et goufen wéinst der Ozonschicht Limitatiounen op den Autobunnen decidéiert. Bei ronn 33 Grad Celsius duerft ee nëmmen mat 90 fueren. 33 Grad Celsius sinn och zoufälleg 90 Grad «Fahren»heit.

AUDIO: Flunkernews 31/16 vum Serge Olmo

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...