Brangelina Scheedung: Et sinn esou vill Leit traumatiséiert vun der Trennung vu Brad Pitt an Angelina Jolie datt den Datum vun der Scheedung wäert en historeschen Datum ginn. D’Attentater vun den Twin Towers waren zum Beispill 15 Joer virun der Brangelina Scheedung an d’Enn vum 2. Weltkrich 71 Joer virdrun.

Dem Fisc net deklaréiert: McDonald’s huet zanter 2008 e Benefice vu ronn 1,8 Milliarden  Dollar realiséiert. Et goufen vill vill manner Suen der Steierverwaltung deklaréiert. Dat wat am Meeschten erabréngt sinn also net onbedéngt d’Hamburger, d’Cheeseburger oder Fishburger mä éischter d’Fisc-burger.

Gëfteg Algen am Stau: Et war richtegen ellene Bulli, oder Schlamm wéi déi Däitsch soen, am Waasser. Verschidde Frënn vun eisem Stau mengen dat wier eng Zort Sabotage gewiescht deemno wéi esouguer vun radikalen Terroristen. Vläicht ass et Algues-Qaida gewiescht oder den Is-Schlamm-esche Staat…

Héich Gelänner: Et ass gutt datt Gelänner op eise Brécken installéiert ginn fir di vill Suiciden ze bremsen. Mer brauchen elo net méi ze fäerten datt en Terrorist vun der Bréck spréngt an domatter Leit am Dall mat an den Dout rappt. Mer sin also elo zu Lëtzebuerg gutt gerüst géint d’Selbstmordattentater.

Oktoberfest a Béier: Et gi vill Lëtzebuerger op München op d’Oktoberfest an awer och den FC Bayern kucken. Besonnesch während dem Volleksfest kann ee vun FC Béiern München schwätzen.

AUDIO: Flunkernews 32/16 vum Serge Olmo

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...