Kierchefabrik a Finanzen: D'Proprietéite vun de Pore solle jo an e gemeinsame Fong kommen. Et gëtt och gesot, datt dat ganzt Geld an eng Zort Koffer soll a Sécherheet bruecht ginn. Et wier dat wéi e Bankomat, wou een Boergeld ophieft mä et géif “Bistumat” heeschen an et kenn ee Por-Geld ophiewen.

2 Deeg méi fräi: D’Première an d’13èmes Schüler hate sech opgereegt, well tëscht dem leschte Schouldag an den Ofschlossexame bal kee Sputt sollt sinn. Si goufe gehéiert. Soss hätt et nëmme kënne riicht aus goen fir d’Schüler, wa si vun de suspendéierte Proffen vun der Schoolleaks Affär d'Examensfroe krut hätten.

Clinton nees fit: Den 10. September war d’Aweiung vun der demokratescher Kandidatin hirem Wahlsiège zu Houston. Den 11. September gouf et der Kandidatin jo schlecht an et gouf vu Pneumonie geschwat. Bei der Aweiung hat si awer schonn ugefaangen ze “husten”.

Budget 2017: Dëst Joer ass mam Claude Haagen de Rapporteur nees e Mann. Firwat ass keng Fra d’Rapportrice? Gëtt vläicht gefaart, datt wann et eng weiblech Persoun wier, et beim Budget en “Des filles zit” géif ginn?

Arbitter blesséiert: de leschte Weekend krut den Arbitter Alex Krüger vun engem irresponsabele Supporter eng Béchs Béier widder de Kapp geschoss. De Mann huet grad mat senger Béierbechs deen um Terrain geroden, dee Krüger heescht, wat jo am Däitschen en Ausdrock ass, fir de Wiert, deen an engem Café zerwéiert.

AUDIO: Flunkernews 33/16 vum Serge Olmo

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...