
Comeback a Wäissrussland: Di Lëtzebuerger Nationalequipe deplacéiert sech no der 0-2 Defaite vum leschte Joer nees op Minsk wou et jo zejoert de rise Skandal vun der Rouder Zoss gouf a vill Spiller grouss Darmproblemer haten. Si sinn iwwerzeegt datt si kee Goal geschoss kréien. Aus dësen zwou Ursaachen mussen si a Wäissrussland hannen zou maachen.
Den Orban no Referendum geschwächt: Fir seng Propaganda ze maachen hat den ungaresche Premier Vidéo- an Tounmaterial zesumme schneide gelooss vu Flüchtlingen an et goufen während der Referendum Campagne vill Reportagen heiriwwer gesent. Den Orban hëllt also awer Flüchtlingen op.
Nei Telefonsnummer: Fir géint de Radikalismus un ze kämpfen gouf hei am Land eng Hotline installéiert. Et ass normal datt een eng HOT-Line huet wann et ëm Radi-KAL-ismus geet.
Iwwerfall vum Kim Kardashian: Hat huet sech liicht blesséiert an ass bei hirem Mann säin Therapeut gaangen. Dat ass e besonneschen Therapeut; et ass nämlech keen Ost-héopathe mä e West-théopathe.
Den IOC vläicht méi staark wéi d’UNO: D’Vereente Natioune bréngen et net fäerdesch di Russesch Attacken a Syrien ze stoppen. Elo probéiert et och den Internationalen Olympeschen Comité. Dëse wëll déi Russesch Zaldoten déi onerlaabt Substanzen benotzen, genee wéi d’Athleten am Sport, heiwéinst spären…
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...