Immigratioun: D’Kanner, déi zu zwee zesummen op d’Welt kommen, sinn Zwi-llingen, déi zu 3 gebuer ginn, sinn Dri-llingen. Déi aus Richtung Tunesien an Ägypten kommen a sech gläichen, si Flücht-llingen.

Jean-Louis Schiltz an Arméi: An der Mathematik ass eng Fraktioun eng Divisioun. An der Arméi sinn an enger Divisioun 10.000 bis 30.000 Zaldoten. Déi hu mer net. Da kann den Ex-Fraktiounschef an Ex-Arméiminister och sécher net Divisiounschef ginn. Ech mengen, dat huet hien och net wëlles.

Keng Trimester méi vun 2012/2013 un? De Moment, mat enger sozialistescher Ministerin, ass jo de Reliounsunterrecht net obligatoresch an der Schoul. Wéi ass dat dann, wann eng Kéier en CSV-Minister um Pouvoir ass a wa mer Se-Messe-ter hunn ... ?

Neie Football-Programm vu Freideg bis Sonndeg: Di ganz laang Wanterpaus ass elo eriwwer. Am Summer gëtt et jo och eng länger Paus. Donieft ginn et dacks Pausen wéinst der Nationalequip. Well ganz vill Week-ender net gespillt gëtt, spillen se elo wéinstens all Dag vum Week-end.

"Tournoi des six Nations": Elo während dem Tournoi kënnt den éischte Fan vun den italienescher Rugbyspiller, de Silvio Berlusconi, fatzeg ënner Drock wéinst Prostitutioun mat Mannerjäregen. Vläicht stolpert hien iwwer de Rugbygate.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...