
Trump ëmmer méi ënner Drock: Nom Steierskandal, well den Trump bal 20 Joer keng Steiere bezuelt huet, ass et elo deen vun sengem Verhalen vis-à-vis vun de Fraen. Vill Fraen aus verschiddene Berusfssparten soen si wieren vum republikaneschen Kandidat belästegt ginn. Bei deene Fraen ass awer keng dobäi déi an der Steierverwaltung schafft.
Den Toni Martin Kinnek vum Zäitfueren: De Profi vun Etixx, deen zesummen mam Bob Jungels Equippeweltmeeschter gouf huet jo och d’Eenzelzäitfueren gewonnen. Hien ass elo 10 Joer Profi an dat mat ganz groussem Erfolleg. Seng Equipe wollt him fir di 10 Joer eng Auer schenken mä hie wollt d’Auer net well hie steet jo fir “Contre la Montre”.
Riseg Iwwerraschung beim Nobelpräis: De Bob Dylan krut jo, haaptsächlech fir seng Lidder, de Nobelpräis dee normalerweis d’Schrëftsteller kréien. Esou iwwerraschend ass dat jo awer net well ee jo vu Lidd-teratur Nobelpräis schwätzt.
Budget 2017: Dëst Joer gouf de Projet nees op engem USB Stick presentéiert. Eng grouss Inconnue ass d’Situatioun vu Grouss Britannien dëst wéinst dem Brexit. Deemno wéi et leeft ass et eng gutt Relatioun mat Grous Britannien oder eng komplett aner. Ass et wéinst deenen zwou Méiglechkeeten datt een Stick ass mat 2 GB…
Match a Wäissrussland: Et ass di lescht Deeg alles gutt gaangen nom Tëschefall vum leschte Joer wou d’Halschent vun der Equipe Daarm a Moproblemer hat. Di rout Léiwen waren mat enger gewëssener Onrou op Minsk gereest ënner anerem well de wäissrusseschen Trainer Aleksandr Khats-kevich heescht.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...