
Clinton vs Trump: De Republikanesche Kandidat hat jo d’Hillary Clinton accuséiert während enger Tëleesdebatt gedoppt gewiescht ze sinn. D’Weltdopping Agence WADA sollt deemno ee Moment an d’Spill kommen. Ass et dowéinst datt di lescht Debatt an der Ne-WADA-Universitéit zu Las Vegas organiséiert gouf?
TDF 2017: Well d’Organisateuren vum Tour de France Montéeën an den Etappen wollten, waren déi Stied déi déi meescht Chancen haten eng Etapp ze kréien Mont-dorf an Esch-sur-Alzette. Schlussendlech krut Munneref eng Etapp; dëst wéinst de Biergspezialisten Frank an Andy Schleck.
Internationalen Dammen Tennistournoi: Et ass ganz eegen datt beim BGL BNP Paribas Open, wou et deemno u Banksponsoren nëmme wimmelt,
et keng Méiglechkeet gëtt Suen op ze hiewen well et um ganze Site kee Bankomat gëtt an een och net mat der Kaart d’Tennisticketen ka bezuele.
De Paul Magnette hält jiddereen an Otem: Et ass erstaunlech datt dat wallounescht Parlament de CETA Fräihandelsaccord gestoppt huet. D’Russen an aner Rivalen vun dem Accord freeën sech. Ass dat Zoufall datt de Wallouneschen Minister-President, dee Russland esou erfreet well hien NEE seet, Mag-NIET heescht?
Velo WM am Katar: Bei eis op de Coursen richt et no Fritten, no gegrilltem Speck, no Grillwurschten…Am Katar op der WM ware ganz wéinesch Zuschauer a kee Gegrills um Parcours. Well et an engem islamesche Land war wou et kee Schwéngefleesch gëtt, war et och quasi normal datt bal kee Speck-tateur do war.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...