Politik a Formule 1: De Grand-Prix vu Bahrain ass jo annuléiert. Libyen wëll dësen elo iwwerhuelen. De Gaddafi dreemt nämlech vun Stroossen ouni Mënschen, a wann, da hu se eng Uniform un an e Casque. D'Leit bei engem Grand-Prix sti just ronderëm, kucke no, et héiert een se net an di Räich hunn di bescht Plazen.

Knäipen beim Däitschen Minister: De Silvio Berlusconi ass schockéiert. Anscheinend huet den Karl-Theodor zu Guttenberg bei enger
Mannerjährescher hirer Aarbecht geknäipt.

Geschwënn ass de Weltfraendag: D'Associatioun vun de gescheetene Pappen wëll op dem Dag op eng Ongerechtegkeet hiweisen. Wann een e
Kand iergendwou aschreift da gëtt ëmmer d'Matricule vum Kand gefrot an ni d'Patri-cule.

Neit Hondsgesetz: All Joer muss jidder Gemeng e Relevé maachen mat der Zuel vun den Hënn. Dat gesäit net no vill Aarbecht aus mee et gouf de
Gemenge net gesot si missten dat all Hondsjoer maachen...also 7 Mol am Joer.

Formule 1: De Nick Heidfeld huet zwar elo bei Lotus Renault d'Positioun vum blesséierten Robert Kubica iwwerholl. D'Pol-Position huet en also elo emol mee d'Pol-eposition dat dierft ganz schwéier ginn...

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...