
Wallonie a Fräihandelsaccord: D’Haaptstad vun der Wallonie Namur war ëmmer ganz bekannt wéinst dem Touristemagnéit “Citadelle de Namur”. Zanter de laangen Diskussiounen tëscht der Wallonie, der EU a Kanada gëtt dës touristesch Attraktioun an Zukunft vläicht “Ceta-delle de Namur” genannt…
Wanterpneuen: Et ass zoufälleg ëmmer déi Zäit wou d’Wanterpneuen opgesat ginn wou et och ganz vill Grippen a Mogrippen bei eis gëtt. Ass dat de Fall well ee mat de Wanterpneuen méi Grip huet?
Den Dschungel vu Calais ass Geschicht: Dës Woch gouf den risegen Flüchtlingslager, deen engem giganteschen “Buch camp” geglach huet, ofgerappt an d’Migranten wäerten hoffentlech a besseren Konditiounen ënnerbruecht sinn. Gouf dee Site Dschungel genannt well d’Buergermeeschterin vu Calais Natacha Bouch-art heescht?
Den internationalen Tennistournoi ass eriwwer: Ëmmer méi Leit wéilten datt mer nieft engem international héich kottéierten Dammentournoi och en Härentournoi sollte kréien. War dëst Joer schonn e Schratt an di richteg Richtung well mam Monica Niculescu eng Ru-männ-in gewonnen huet?
Grippenepidemie: De Moment si ganz vill Leit krank an et stécht een deen aneren un. Jiddereen péckt dem aneren seng "Stir" un fir ze kucken ob dëse kee Féiwer huet. Ass et dowéinst datt ee seet datt een een deen aneneren géif u"Stir"chen?
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...