Horror Clownen Attacken: Besonnesch an den USA hunn esou arméiert Personnagen d’Leit ugegraff. No dëse Virfäll kann et gutt sinn, datt an Zukunft an de States d’Verkleede reglementéiert wäert ginn, esou wéi wahrscheinlech och d’Schmink fir Fuesent oder Halloween. D’Waffe bleiwen awer méi wéi sécher am fräien Handel…

Onheemlech vill geblëtzt: Prinzipiell gëtt ee vun de Radaren, esouwuel aus der enger wéi der anerer Richtung, geblëtzt. D’Wuert Radar gëtt och d’selwecht gelies aus der enger wéi aus der anerer Richtung. Komesch ass datt de Radar, deen am meeschten flasht, grad deen zu Märel ass, deen nëmmen an enger Direktioun aktiv ass.

Clinton oder Trump: Der Clinton hir Mail Affär an dem Trump seng Affäre mat de Fraen entscheeden d’Wahl fir an d’Wäisst Haus. Di zwou Affaire gi vu muenchen “F-email“ Affären genannt.

Dilemma: Den Donald Trump kritt sech net richteg decidéiert. Hien ass guer net frou mat de Muslimen an wéilt am léiwsten och keng Kebabe méi an de States gesinn; op där anerer Säit fënnt hien dem Recep Erdogan seng Autoritéit intressant. Verschiddener nennen de Presidentschaftskandidat egal wéi emol Döner-ald Trump.

Allerhellgen: Dee Weekend gouf op der Däitscher Tëlee de Premier League Match Tottenham géint Leicester gewisen. Dat huet effektiv un “Tot a Leiche” erënnert, wéi uewen um Ecran TOT-LEI stoung.

D'Flunkernews 38/16

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...