
D’Sondagen a Fro: Genee wéi beim Brexit waren d’Prognosen bei den US Wahlen komplett falsch. D’Sondage Instituter wieren sech a soen d’Wahlen wieren op engem Donneschdeg respektiv Dënschdeg gewiescht a si si jo awer spezialiséiert op d’Sonndesfro.
A wat elo? Den Donald Trump sot jo hie géif eng monster Mauer op der Grenz zu Mexiko opriichten fir d’Immigratioun aus dem Land ze stoppen. Et ass widderspréchlech well fir esou eng kolossal Mauer ze bauen mussen d’Amerikaner vill auslännesch Aarbechter engagéieren a wahrscheinlech vill Leit aus Mexiko…
Ausgetrickst: Eng “Ruse” heescht jo op amerikanesch eng Ligen oder en Trick. Et ass dat wat den Trump mat den Amerikaner gemaach huet. Mer liewen an enger Welt wou dat anscheinend normal ass. De Franklin Roosevelt, de 4 Mol d’Presidentewahl gewonnen huet, wäert sech an sengen Graf ëmdréinen. Ëmgedréint gëtt aus Roosevelt jo Welt vu “ruse”.
Den Erdogan ouni Gnod mat der Oppositioun: Hien ass virun allem ganz haart mat de Supporter vun sengem Feind Fethulah Gülen. D’Leit fäerten ëmmer méi fir ze manifestéieren a wann, da wëllen d’Supporter vum Erdogan sengem Feind hiert Gesicht net weisen. Dinn si dowéinst Ka-gülen un?
Viru Lëtzebuerg-Holland: Während dem leschten Preparatiounsmatch war bei Holland géint d’Belsch den Daley Blind di lescht Véierelstonn Kapitän vum Oranjeteam an hat deemno de Kapitäns-Aarmband un. Hien hat sech dacks di riets Säit vum Bauch ugehalen. War dat de Fall wéinst dem Blind-Aarm-Band?
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...