
Journalisten gi verfollegt: An der Tierkei ginn esouguer déi Journaliste festgeholl déi kulinaresch Artikelen schreiwen, haaptsächlech iwwert fetteg Platen oder Menuer mat ville Kalorien, well di Artikelen si fir den Erdogan géint de Regime.
Wantertrève: A ville Länner gëtt et vum 1. November bis den 15. Mäerz e Verbuet fir d’Famillen z’expulséieren. Ass dat och an den USA de Fall well da kéint den Obama vläicht méi laang am Wäissen Haus bleiwen.
Trennung vu Kierch a Staat: D’Sue vun de Kierchefabricke solle jo an e Fong kommen. Wier dat keng Iddi datt d’Paschtéier normal Beamte kéinte ginn; d’Sue kéimen dann aus dem Fong, well si ieren jo Fong-tionnairen.
Klimaskeptiker: De neien Amerikanesche President huet jo gepraalt hie géif kee “Salaire” wëlle fir President ze sinn. Vill méi wichteg ass et, datt hie sech net fir eng propper Loft asetzt also riskéiert et an Zukunft obwuel hie keen Loun huet awer nach méi “Sal-air” ze ginn.
Lëtzebuerg-Holland: Den Trainer vum Oranjeteam gëtt jo an Holland Bondscoach genannt. Virum Match hat seng Equipe 4 Punkten an hie wollt onbedéngt gewannen fir op 7 Punkten ze kommen. Hie war dorop fixéiert well soss wier hien vläicht entlooss ginn. Am Klassement huet Holland dann elo 007 Punkten. Elo ass hien frou den BONDscoach.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...