Uli Hoeneβ; de Retour: Den Dirigent vum Däitschen Rekordchampion Bayern München hat sech 2014 no senger Veruerteelung zréckgezunn well hien wéinst Steierhannerzéiung hat missten an enger Prisongszell sëtzen. Elo ass hie nees op de Presidentestull komm grad wou den Trainer vun de Bayern An-d’Zell-otti heescht.

AUDIO: Flunkernews 41/16 vum Serge Olmo

Entscheedung an der Formule 1: An de Vereenten Arabeschen Emirater fält dëse W-E d’Entscheedung wie Weltmeeschter gëtt. Viru genee engem Joer war dat de leschte Grand-Prix vu Lotus, der Ecurie vum Lëtzebuerger Gérad Lopez. Wat eng Symbolik datt grad Lotus, d’Blum déi eng grouss Bedeitung am Buddhismus huet, zu A-Buddha-bi gestuerwen war…

De Syfel wiert sech: Dem Syndikat vun de Kierchefabricken no soll d'Regierung ganz falsch virgaange sinn bei der Trennung vu Kierch a Staat. Et soll elo zu enger grousser Maniff opgeruff ginn mat Paschtéier a aner Kierchememberen am Cortège. Gëtt dës Maniff, nieft dem Syfel, och ënnerstëtzt vun de Saint-dikater?

Adventskalenner an Abrech: Statistesch gesinn gëtt an der Adventszäit onheemlech vill geklaut. Verschidden chrëschtlech Abriecher maachen all Dag eng aner vun de 24 Dieren op an huelen sech ee Kaddo.

Wäisst Haus vs Trump Tower: D’Melania Trump huet scho gesot si wéilt léiwer zu New York bleiwen. Et gëtt elo gemunkelt datt den Milliardär an Immobilienhändler Donald Trump dat Wäiss Haus wëll kafen an u säi Vizepresident Mike Pence verlounen wëll. Dat passt well d’Adress vum Wäissen Haus ass 1600 Pence-sylvania Avenue NW zu Washington.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...