
Medezin: Den 28. Februar war den Dag vun den rare Krankheeten. Verschidde Politiker hu proposéiert dësen Dag ëmmer op engem 29. Februar ze feieren. Dat wier jo nach méi rare.
Politik: D’Michèle Alliot-Marie, ex Ausseministerin, huet aus der franséischer Regierung demissionéiert. Et ass also eng Persoun manner an der Regierung déi eng Jüpp un huet. Fir awer den Jüppen-Equiliber am Ausseministère ze halen ass den Alain Juppé op hir Plaz komm.
Religioun: A nächster Zäit kritt di musulmanesch Communautéit vu Mamer e neit Gebai. Et gouf vläicht grad déi Plaz erausgesicht well d’Leit déi sech ëm d’Gebiet këmmeren d’I-Mamer sinn.
Football: No der Defaite géint Schalke 04 an virum Match géint Hannover 96 sinn d’Fans vum FC Bayern München op 100. Kee Wonner: 04 plus 96 gëtt jo Honnert.
Testmatch: De Match vun der Nationalequipe géint Toubize aus der Belsch ass ofgebrach ginn well d’Luuchten ausgefall sinn. Firwat di Opreegung? Et war gewosst dat et en Testmatch wier. Si hate just net Bescheed gesot datt bei dem Match d’Luuchten géife getest ginn.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...