
Reform vun de Radar-Protokoller: Ganz vill Leit goufe wéinst vill ze héijer Vitesse geblëtzt an hu 4 Punkten um «Führerschäin» verluer. Ouni déi 4 Punkten ass et fir si e «Fuhrerschain».
Staatstrauer op Kuba: D’Autoritéiten haten 9 Deeg Staatstrauer fir de verstuerwene Líder Máximo annoncéiert. Op d’Fro, firwat grad 9 Deeg, ass d’Explikatioun: Ma well de Fidel Castro déi lescht Joer ëmmer Trai9skostümmer unhat.
Konventioun tëscht Äerzbëschof an Inneminister: Well di Konventioun sech jo tëscht «Hollerech» a «Käerch» ofgespillt huet, zielt dës just di 26 Kilometer tëscht den 2 Uertschaften. Ausserhalb vun deene Limitten zielt déi Konventioun also net, mengt de Syfel ...
Kierchefabricken: Et «gëtt enk», fir datt bis den 31. Dezember de Gesetzprojet iwwert d’Kierchefabricken a Kraaft trëtt. Wann de Projet géif stierwen, da maachen vill Leit aus dem Bistum mat Genoss eng
«Gëtt enk»-Minutt.
Frësch ausgezielt an den USA: D’Jill Stein huet et fäerdeg bruecht, datt am Wisconsin d’Stëmmziedele frësch gezielt ginn. Et gëtt grad an deem Staat frësch gezielt, net nëmme well d’Resultat serréiert war, mä well di gréng Kandidatin sech besonnesch eppes am Wis-consin erhofft.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...