
Kleesche-Gate: Et kann zwar sinn datt de Marc Spautz Recht hat well wéi ech Ufank Dezember an enger Schëfflenger Schoul wollt an eng Versammlung goen a geschellt hunn, gouf ech gefrot, éier ech d’Dier opgemaach krut, ob ech dann och wierklech net de Kleesche wier…
McDonald’s wéinst Steierparktiken geschwë fort: D’Fastfood-Chaîne soll awer nach e Büro hei behalen an dat kinnt zu Hamm sinn do wou en Amerikaneschen Kiirfent ass an och regelméisseg Amerikanesch “Bierger” hikommen. Am Kontext McDonald’s géif dat och passen well et wieren “Hamm-bürger”.
Alternéierten Trafic wéinst Pollutioun: Zu Paräis konnten entweder d’Autoen mat grueden Plackenummeren fueren oder déi mat ongrueden. Si rätselen dohannen wéi et fir Chrëschtdag wäert sinn. Wann deen Dag déi ongrued ugesot sinn da gëtt et komplizéiert well da kann de “Paire” Noël net zirkuléieren…
Trauerfeier: Si woussten op Kuba laang net wat maachen nodeem de Fidel Castro gestuerwen war. Di eng wollten datt Millioune Kubaner d’Méiglechkeet hätten him an enger “Morgue” Äddi ze soen. Di aner wollten seng Läich bei d’Leit deplacéieren. De Kompromëss war eng Jeep ze huelen mat enger
“Re-Morgue”.
Éichten diplomategen Flopp: Den Trump huet sech mat der Taiwanescher Presidentin iwwer Telefon ënnerhalen an huet domatter d’Chinesen ferm getouft well dës China als een eezegen groussen Territoire gesinn wou Taiwan dozou gehéiert. Den Trump war iwwerrascht well fir hien ass dat Ganzt jo och Tai-One.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...