
LuxLeaks: Lëtzebuerg gëtt wéinst dëser Affär international geschleeft. Eise Justizminister hat sech während dem Prozess ganz diskret verhalen. Dat ass och ganz gutt well hien jo Braz Fé-leaks heescht.
President Elect: De Republikaner Ronald Reagan, deen 1981 President gouf, huet frappant Ähnlechkeeten mam Trump. Béid sinn quasi genee am selwechten Alter gewielt ginn an haten virdrun esou ze soen näischt mat Politik um Hutt. De Reagan hat sech virdrun e Numm als Cowboy gemaach an den Trump mëscht sech een als Moscowboy.
Football Leaks: D’Nimm vu ganz ville Spiller wéi an och Trainer oder Agenten goufen bekannt well dës hir Suen esou investéiert hunn datt si vill manner Steieren hu missten bezuelen. Elo ass bekannt ginn datt d’Arbitter d’Informatiounen sollen eraus ginn hunn well si jo am Fussball d’Whistleblower sinn.
Ballon d’Or fir den CR 7: Obwuel de Cristiano Ronaldo soll dem Fisc ganz vill Suen a Steierparadäiser verstoppt hunn, krut hien ouni e Problem d’Trophée vum beschte Spiller. Et gouf déi lescht Deeg och méi iwwer d’Steierparadäiser geschwat wéi iwwer Fussball. “CR 7” gëtt elo vu villen “CR’s Heaven” gesot wou Heaven fir Steierparadäiser steet.
Chrëschtmäert: D’Polizeikontrollen sinn de Moment relativ rare obwuel d’Leit zimlech vill Glühwäin drénken. Kontrolléieren d’Polizisten manner well si sech soen datt d’Leit beim ganz waarme Glühwäin automatesch scho blosen…
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...