
Flüchtlingsproblematik: Vill Flüchtlinge sinn enttäuscht, wa si an Italien ukommen aus Direktioun Tunesien, Ägypten ... Si haten eigentlech gehofft, si géifen an Amerika ukommen, well di italienesch Stad jo Lamped-USA heescht.
Dalai Lama: De religiéise Chef vun de Buddhisten huet sech aus der Politik zeréckgezunn. Hien huet elo méi Zäit, zesummen mat anere buddhistesche Mönschen, fir mam Velo duerch de schéinen Tibet ze fueren. Et sinn der di nennen di Equip vu Buddhisten "Lama Trek".
Nei Lëtzebuerger: Vill Belsch wëllen di Lëtzebuerger Nationalitéit kréien wéinst de Regierungsproblemer an der Belsch. Mat deene Sondage vum Marine Le Pen am Frankräich kinnt et gutt sinn, datt och geschwë vill Fransouse wéilte Lëtzebuerger ginn.
Match ofgebrach: Et hat jo een Topert op en Arbitterassistent gespaut an de Match gouf ofgebrach. Et sollt eng "DN"-A Prouf gemaach ginn, fir erauszefannen, wien et war. Well et net méi Division Nationale also ("DN") ass, mee BGL League, gëtt also elo net eng "DN"-A Prouf ordonnéiert mee eng "BGL League"-A Prouf.
Formel 1: Um Sonndeg sollt jo de Grand-Prix vum Bahrein sinn. Et gëtt den Ament e passenden Ersatz fir de Grand-Prix gesicht. Am Prinzip gëtt um Hockenheimring gefuer. Dat ergëtt Sënn als Ersatz fir de Grand-Prix vum Bah-rhein e Grand-Prix "beim Rhein" virzegesinn.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...