
Iwwerfall vum Kim Kardashian: Anscheinend gouf elo d’«Gehir» vun der Band, déi den Iwwerfall op d’Been gesat huet, erëmfonnt a festgeholl. Op Twitter freeën sech d’Fans datt am Kontext Kim Kardashian e Gehir ze fanne war.
Merkelviste zu Lëtzebuerg: Am Mëttelpunkt stoung d’Maut fir PKWen déi definitiv wäert agefouert ginn wat di aner Länner awer net wëllen. Et bleift nach eng Léisung an zwar fir séier massiv Autoen ze produzéieren wou net e Chauffeur muss dra sinn fir ze fueren. Dës gëllen da net méi als Personenkraftwagen a brauchen dann och keng Maut ze bezuelen.
Decisioun vum Europäeschen Geriicht: Di moslimesch Meedercher vum Cycle 1 bis de Cycle 4 mussen bei de Mixt Schwammcoursen deelhuelen. Elo kann et sinn datt d’Excuse vu verschiddenen fanateschen Elteren de monatleche Cycle vun hire Meedercher wäert sinn…
Salz an den Apdikten: Et di sech esou vill Leit op de glaten Stroossen an Trottoiren wéi a schruppe sech d’Haut op, datt a verschiddenen Länner d’Streesalz och an den Apdikten verkaf gëtt. Et ass e speziellt Salz well wann een drop fält gëtt een an engems desinfizéiert.
De Gérard Lopez keeft Lille op: Mat all sengen Succèsen wäert den Auto- a Fussball Fanatiker eng Kéier den Oscar vum beschten Geschäftsmann kréien. De neie President vum LOSC, dem Traditiounsveräin vu Lille, fiert elo mam Auto vum neien Veräin. Et ass dat vläicht e gutt Omen well den Auto ass de «LOSC Car».
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...