AUDIO: Flunkernews 3/17 vum Serge Olmo

Riseg Demo géint den Trump: Direkt den Dag no senger Vereedegung gouf zu Washington e «Women’s March» organiséiert géint Fraefeindlechkeet vum neie President. Dausenden rosa «Pussy Hats» goufen erwaart. Déi Démoen sollen op der ganzer Welt stattfannen a sollen mat «Pussy Hats» an ouni Gewalt sinn. Et ass eng nei Form vu Resistenz an zwar de Pussyfismus!

Prënzescheedung um Haff: No der Scheedung verléiert d’Tessy jo hir Titelen. D’Hochzäit war also an dem Kontext keng Liewensversécherung. Et kann een awer hoffen datt d’Nach Prinzessin gutt assuréiert ass mat allem wat mat der groussherzoglecher Famill ze dinn huet an datt et eng Haff-tpflicht gëtt.

WM an Autofestival: Genee de Week-end wou d’Cyclocross WM zu Bieles ass fänkt och den Autosfestival un. Et ka gutt sinn datt vill Leit mat héije Schong oder Stiwwelen no de Coursen an d’Garage sinn. Di éischt 2 Deeg riskéiert datt dann och e Autofest-Stiwwel ze ginn…

Äiseg Temperaturen: De Moment ass et esou kal dobaussen an op muench Plazen an den Haiser datt ee scho bal muss verschidde Liewensmëttel an de Frigo stellen fir datt se net ze kal ze ginn.

Petitiounen zur Lëtzebuerger Sprooch: an ëmmer méi Petitiounen ass eis Sprooch am Mëttelpunkt an si gëtt thematiséiert. Wier et da net och un der Zäit fir fir d’Wuert «Petitioun» e richtegt lëtzebuergescht Wuert ze benotzen?

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...