
Majoritéitsparteien: D’Majoritéit war am Schlass zu Senneng, fir d’Gehälter-Reform an der Fonction Publique an d’Reform vum Avortement ze diskutéieren. D’Oppositioun géif am léifsten di zwou Saache mëschen an zwar d’Reform an der Fonction Publique avortéiere loossen.
Paritéit: An de Gemenge si jo vill Kommissiounen (Schoulkommissioun, Finanzkommissioun ...). Munch fraefeindlech Politiker proposéieren, déi Fichen ze publizéieren, fir d’Fraen am Virfeld vun de Gemengewahlen ze motivéieren. Si soen, d’Fraen interesséiere sech nämlech méi fir d’Kommissiounslëschten wéi fir d’Wahllëschten.
Nei Rentereform: Et muss een nach méi laang schaffe goen, fir säin aktuelle Stand vun der Pensioun ze kréien. Et geet also nach méi lues fir an d’Pensioun. Firwat schwätzt een da vun koti-séier-en.
Katastrof a Japan: D’Leit un der Muercht mussen onbedéngt de Japaner hëllefen. Di aarm Leit déi getraff goufen, musse fir den Oppau e Mier u Suen kréien; e Su-nami.
Trainerwiëssel: Di nei- oder Interims-Trainer zu Hesper an op der Jeunesse hunn zimlech kleng Ambitiounen. Si wëlle bis Enn der Saison bleiwen. Dat ass awer wierklech kuerz! Di nei Saison (an zwar d'Fréijoer) fänkt jo schonn e Méindeg un.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...