Och mat där Fro huet sech d'Ekipp hannert der Schnëssen-App beschäftegt an d'Äntwert an hirem Adventskalenner op infolux.uni.lu verstoppt.

Der Fro nom Numm vun de Séissegkeeten ass een nogaangen, well et jo an der Adventszäit besonnesch vill Séisses gëtt. Eng 830 Opnamen, déi iwwer d'Schnëssen-App gesammelt goufen, goufen dofir ausgewäert.

D'Kamelle goufen am heefegste genannt, ma och Zockerbounen dauchen dran op, mat enger Rëtsch Varianten: Bounen, Bungen, Bunnen. An da gëtt et och nach d'Bonbonen ...

Wie wat wou seet, weist d'Grafik vun der Schnëssen-Ekipp.

Nozeliesen - oder an dësem Fall nozelauschteren an der Fënster Nummer 23 - ass dat am Online-Adventskalenner op der Internetsäit Infolux (infolux.uni.lu). Do huet d'Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft vun der Uni.lu e sëlleche Resultater aus der App opbereet.

Eng Fro, déi doran och beäntwert gouf, ass, ob een éischter "gefëllte Croissant" oder "gefëlltene Croissant" seet.

Nach kann ee sech bequem derduerch klicken an entdecken, wat fir Finessen a Varianten et an eiser Sprooch gëtt.

Iwwer d'App

"Schnëssen" ass déi éischt App, fir d'Lëtzebuerger Sprooch vun haut an all hire Facettë mat Toun-Opnamen ze erhiewen an ze dokumentéieren. D'App ass Deel vun engem Projet vum "Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft" op der Universitéit Lëtzebuerg. Et geet drëm, d'Lëtzebuerger Sprooch an hirer ganzer Bandbreet, also mat hiren Dialekter, ze erfaassen.

D'App ass ganz spilleresch opgebaut, esou geet et zum Beispill drëm ze beschreiwen, wat een op engem Bild gesäit oder eppes ze iwwersetzen. Esou soll gesammelt ginn, wat alles am Lëtzebuergesche virkënnt, e Richteg oder Falsch gëtt et do net, et geet ëm d'Erhiewe vun Daten respektiv Donnéeën, net ëm d'Verbesseren oder d'Virschreiwen. D'Fuerscher wëlle just erausfannen, wéi vill Prozent d'Variant mat s a wéi vill déi ouni s benotzen ... Déi eenzel Äntwerte ginn opgeholl an un d'Uni geschéckt. Dat mécht d'App vum selwen. De Set vu Biller a Froe gouf iwwer de Summer och schonn erweidert.

D'App "Schnëssen – Är Sprooch fir d'Fuerschung" gëtt et fir iOS an Android. Se ass gratis.