Lëtzebuergesch ass am Trend an am Wandel. D'Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft vun der Uni.lu dokumentéiert eis Sprooch per App.

An dëser Serie informéiere mir iwwert déi éischt Resultater aus der Schnëssen-App vun der Uni Lëtzebuerg, mat där d'Variatioun am Lëtzebuergesche vun haut erhuewen an analyséiert gëtt. Si dokumentéieren d'Diversitéit an de Räichtum vun enger Sprooch am konstante Wandel.

Am Kader vun der Datenerhiewung mat der Schnëssen-App wollte mir vun de Participante*ë wëssen, wéi si dat klengt, meeschtens ronn a gëllen, Schmockstéck nennen, dat een an der Reegel um Fanger dréit an domat seng Zougehéieregkeet zu engem anere Mënsch weise kann. Dowéinst hate mir e Bild presentéiert a mir wollten de Singulier an de Pluriel héieren, fir doraus verschidde Schlëss zéien ze kënnen. Hei konnte mir an enger éischter Phas vun eiser Auswäertung bei 384 Opname virun allem zwou Saache beim Singulier feststellen: Éischtens sinn d’Variante mam a als Vokal (Rank resp. Rang) mat 70% (250 Opnamen) resp. 21% (76) wäitaus méi verbreet wéi déi mat engem e (Rénk resp. Réng) mat 4,8% (17) resp. 3,9% (14). Zweetens kënnt d’Variant mat der Endung op -g (Rang, Réng) op ganzer  26%. Dat ass virun allem dowéinst interessant, well keng vun dëse g-Varianten am aktuellen LOD oder deenen eeleren Dictionnairë wéi dem Luxemburger Wörterbuch (1950) festgehale sinn.

Kuckt ee sech d’Verdeelung nom Alter un, fält op, datt et virun allem déi jéngst Participante*ë sinn, déi dës Formen (mat g-Endung) méi dacks gebrauchen. D’Undeeler vun dëse Varianten (Rang/Réng) sinn deemno an deenen aneren Altersgruppe méi niddereg, wéi de folgenden Diagramm weist. Geheit een e Bléck op d’Rank- an d’Rénk-Varianten, stellt ee fest, datt de Rank mat Ausnam vun deene Jéngsten iwwert d’Altersgruppen ewech zimlech stabil bleift, de Rénk dogéint awer just an den Altersgruppen iwwer 35 Joer virkënnt.

Op jidde Fall wäert et spannend sinn, d’Verdeelung vun dëse Varianten an deenen nächste Jore weider ze verfollegen an domat ze klären, ob d’Varianten op -g weider zouhuelen. Ob déi genannte g-Endung eventuell op en Afloss vum Däitschen zeréckgeet, bleift dobäi och nach ze klären.

E kuerze Bléck op de Pluriel huet gewisen, datt d’Participante*ë eis hei verschiddenst Forme genannt hunn: Réng, Rénker, Ranker, Ranken, Rénger, Rénk, Ring, Ränk, Ränker a Räng hu mir an den Opname konnten noweisen. Vun deenen 370 Opnamen, an deene e Pluriel konnt däitlech festgehale ginn, war et allerdéngs nëmmen 27 Mol (7,9%) dovun eng vun deene méi onüübleche Varianten, wärend 92 Prozent (314 Opnamen) vun de Leit op Réng zeréckgegraff hunn. Zesummefaassend bleift nach ze soen, datt Rank - Réng mat Ofstand déi am heefegst gewielte Kombinatioun vu Singulier a Pluriel (67%) ass, dëst viru Rang - Réng (18%), Rénk - Réng (3%) a Réng - Réng (2%). All déi aner sëlleche Kombinatioune komme jeeweils just ganz vereenzelt vir.

AUDIO: Serie Schnëssen (7): Réng

Iwwer d'Schnëssen-App: Schnësst mat!

"Schnëssen" ass déi éischt App, fir d'Lëtzebuerger Sprooch vun haut an all hire Facettë mat Toun-Opnamen ze erhiewen an ze dokumentéieren. Déi nei App ass Deel vun engem Projet vum "Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft" op der Universitéit Lëtzebuerg. Et geet drëm, d'Lëtzebuerger Sprooch an hirer ganzer Bandbreet ze dokumentéieren, also mat hiren Dialekter.

D'App ass ganz spilleresch opgebaut, esou geet et zum Beispill drëm, ze beschreiwen, wat een op engem Bild gesäit: Kanéil, Zimt oder nach eppes aneres? Falen, Rampel, Rompel oder Ronschelen op enger Stir? Donieft gëllt et, Sätz vum Däitschen a Franséischen an d’Lëtzebuergescht ze iwwersetzen a niewelaanscht gitt Dir dann ënnert anerem och nach gefrot, wat Äert Liiblingswuert am Lëtzebuergeschen ass. Mat der App soll gesammelt ginn, wat alles am Lëtzebuergesche virkënnt, "richteg" oder "falsch" gëtt et do net, et geet ëm d'Erhiewe vun Daten respektiv Donnéeën, net ëm d'Verbesseren oder d'Virschreiwen. Dat ass zum Beispill och bei der Fro no der "Wäi(n)fläsch" esou - wéi een et ausschwätzt, ass egal: D'Fuerscher wëlle just erausfannen, wéi vill Prozent d'Variant mat n a wéi vill déi ouni n benotzen ...

Déi eenzel Äntwerte ginn opgeholl an un d'Uni geschéckt. Dat mécht d'App vum selwen. De Set vu Biller a Froe gëtt och verännert.

Maacht och Dir mat, dass d'Sprooch an dëser ëmfaassender Dokumentatioun vun der Lëtzebuerger Sprooch vun haut vertrueden ass! Luet Iech d'App Schnëssen – Är Sprooch fir d'Fuerschung fir iOS oder Android erof a schnësst mat.

Zënter dem Release vun der App am Abrëll 2018 sinn ëmmer erëm nei Sets u Biller a Sätz an d’App komm. Viru Kuerzem war et dann elo och esou wäit, datt d’App mat neie Sätz, Froen a Biller an hir 5. Ronn gestart ass. Maacht also weider alleguerte mat an ënnerstëtzt d’Fuerscher bei der Dokumentatioun an Erfuerschung vum Lëtzebuergeschen.

Facebook: https://facebook.com/schnessen

Twitter: https://twitter.com/schnessen

Internet: https://infolux.uni.lu/schnessen

E-Mail: schnessen@uni.lu

Nathalie Entringer | Peter Gilles | Sara Martin | Christoph Purschke | Pol Breser

(c) Schnëssen-Projet, Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft, Universitéit Lëtzebuerg 2018

Reiefolleg vun der Serie op RTL.lu an op Radio Lëtzebuerg (nomëttes)