Lëtzebuergesch ass am Trend an am Wandel. D'Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft vun der Uni.lu dokumentéiert eis Sprooch per App.

An dëser Serie informéiere mir iwwert déi éischt Resultater aus der Schnëssen-App vun der Uni Lëtzebuerg, mat där d'Variatioun am Lëtzebuergesche vun haut erhuewen an analyséiert gëtt. Si dokumentéieren d'Diversitéit an de Räichtum vun enger Sprooch am konstante Wandel.

Virun nach net alt ze laanger Zäit huet e bekannte Lëtzebuerger Affekot sech iwwert déi vill “Bussen, Bussen, Bussen” an der Uewerstad opgereegt. Ganz onrecht huet en domat natierlech net, mee nach méi spannend wéi dat, wat e sot, ass d’Aart a Weis, wéi en et sot. Hie schwätzt vu Bussen, een aneren hätt vläicht vu Busser geschwat. Grond genuch, sech dat emol méi genau unzekucken.

Dofir huet sech de Saz “Die Kinder haben in den überfüllten Bussen gesungen” ugebueden. Bei den 1405 Sätz, déi mer eis ugelauschtert hunn, hu mer ganzer 4 Variante fonnt, wéi um Kéisdiagramm ze erkennen ass. Dobäi handelt et sech bei Busser, déi op 46 % (634) kommen ëm d’Haaptvariant. 39% (535) vun de Participante*ën hunn dogéint de Pluriel mat -en benotzt. Bal 15% (200) hu guer kee Pluriel produzéiert, d.h. Bus gesot a ganz seelen (4) koum den alternative Pluriel mat Ëmlaut Bis vir.

Geheie mer fir d’éischt emol e Bléck op d’Haaptvariatioun tëscht Busser a Bussen. Generell ass et esou, datt et sech bei dëser Variatioun ëm e Mechanismus handelt, deen een am Lëtzebuergesche méi dacks beobachte kann. Bei net wéinege Plurielle konkurréiert am Lëtzebuergeschen eng Form mat der Endung op -er mat enger op -en (Bsp. Bic, Witz, Programm, Bal, Festival, asw.), woubäi a ville Fäll och béid Formen am Lëtzebuerger Online Dictionnaire stinn.

Bei der allgemenger Verdeelung fält engem séier an d’A, datt d’Prozentsätz vu béide Varianten zimlech no beienee leien, och wann Busser liicht méi dacks virkënnt. Interessant ass natierlech och d’Variant Bis, déi awer wéi gesot nëmme 4 Mol virkoum. Hei hunn d’Participante*ën de Pluriel mat engem Ëmlaut (u > i) gebilt, sou wéi mer et och vun Numm-Nimm kennen.

Geheie mer fir d’nächst e Bléck op d’Verdeelung no Alter. Well eis virun allem d’Variatioun tëscht der Variant op -en an där op -er interesséiert, hu mer Singuliersvarianten an och d’Plurielsvariant Bis hei net berécksiichtegt. Kuckt ee sech d’Grafik un, fält engem direkt eng Trap an d’A. Dës Trap weist eis, datt Bussen mam Alter vun de Leit zouhëlt, woubäi Busser méi seele gëtt. An anere Wierder weist dëst Bild dorop hin, datt mer et hei mat engem Sproochwandelprozess ze dinn hunn: Bussen gëtt ëmmer manner benotzt, wougéint Busser ëmmer méi dacks am Sproochgebrauch virkommen.

Iwwer d'Schnëssen-App: Schnësst mat!

"Schnëssen" ass déi éischt App, fir d'Lëtzebuerger Sprooch vun haut an all hire Facettë mat Toun-Opnamen ze erhiewen an ze dokumentéieren. Déi nei App ass Deel vun engem Projet vum "Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft" op der Universitéit Lëtzebuerg. Et geet drëm, d'Lëtzebuerger Sprooch an hirer ganzer Bandbreet ze dokumentéieren, also mat hiren Dialekter.

D'App ass ganz spilleresch opgebaut, esou geet et zum Beispill drëm, ze beschreiwen, wat een op engem Bild gesäit: Kanéil, Zimt oder nach eppes aneres? Falen, Rampel, Rompel oder Ronschelen op enger Stir? Donieft gëllt et, Sätz vum Däitschen a Franséischen an d’Lëtzebuergescht ze iwwersetzen a niewelaanscht gitt Dir dann ënnert anerem och nach gefrot, wat Äert Liiblingswuert am Lëtzebuergeschen ass. Mat der App soll gesammelt ginn, wat alles am Lëtzebuergesche virkënnt, "richteg" oder "falsch" gëtt et do net, et geet ëm d'Erhiewe vun Daten respektiv Donnéeën, net ëm d'Verbesseren oder d'Virschreiwen. Dat ass zum Beispill och bei der Fro no der "Wäi(n)fläsch" esou - wéi een et ausschwätzt, ass egal: D'Fuerscher wëlle just erausfannen, wéi vill Prozent d'Variant mat n a wéi vill déi ouni n benotzen ...

Déi eenzel Äntwerte ginn opgeholl an un d'Uni geschéckt. Dat mécht d'App vum selwen. De Set vu Biller a Froe gëtt och verännert.

Maacht och Dir mat, dass d'Sprooch an dëser ëmfaassender Dokumentatioun vun der Lëtzebuerger Sprooch vun haut vertrueden ass! Luet Iech d'App Schnëssen – Är Sprooch fir d'Fuerschung fir iOS oder Android erof a schnësst mat.

Zënter dem Release vun der App am Abrëll 2018 sinn ëmmer erëm nei Sets u Biller a Sätz an d’App komm. Viru Kuerzem war et dann elo och esou wäit, datt d’App mat neie Sätz, Froen a Biller an hir 5. Ronn gestart ass. Maacht also weider alleguerte mat an ënnerstëtzt d’Fuerscher bei der Dokumentatioun an Erfuerschung vum Lëtzebuergeschen.

Facebook: https://facebook.com/schnessen

Twitter: https://twitter.com/schnessen

Internet: https://infolux.uni.lu/schnessen

E-Mail: schnessen@uni.lu

Nathalie Entringer | Peter Gilles | Sara Martin | Christoph Purschke | Pol Breser

(c) Schnëssen-Projet, Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft, Universitéit Lëtzebuerg 2018

Reiefolleg vun der Serie op RTL.lu an op Radio Lëtzebuerg (nomëttes)