Lëtzebuergesch ass am Trend an am Wandel. D'Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft vun der Uni.lu dokumentéiert eis Sprooch per App.

An dëser Serie informéiere mir iwwert déi éischt Resultater aus der Schnëssen-App vun der Uni Lëtzebuerg, mat där d'Variatioun am Lëtzebuergesche vun haut erhuewen an analyséiert gëtt. Si dokumentéieren d'Diversitéit an de Räichtum vun enger Sprooch am konstante Wandel.

D'Vakanzenzäit, dat ass net nëmmen d’Zäit, an där vill Leit sech op hiren Dramdestinatiounen erhuelen, ma et ass och d’Zäit vun de léiwen an hëllefsbereeten Noperen oder Kolleegen, déi sech dorëm këmmeren, datt Bréifkëschten net iwwerquëlle respektiv Planzen net verdréchenen. Belount gëtt dëse Service dacks mat enger klenger Opmierksamkeet (vun der Dramdestinatioun) vun der Säit vun de Verreesten. Beim Iwwerreeche vun esou Opmierksamkeete falen net seele Sätz wéi “Merci, datt s du d’Kaz gefiddert hues an s du d’Blumme genat hues.” – “Oh, dat hunn ech gär gemaach, virun allem ëm d’Blummen hunn ech mech gutt gekëmmert, déi hunn ech all Dag genätzt.”

Dir frot Iech sécherlech, op wat ech eraus wëll. Vläicht ass Iech an der genannter Äusserung awer och schonn eppes opgefall: D’Variatioun vum Partizip Perfekt vum Verb nätzengenätzt a genat.

Fir erauszefannen, wéi d’Variatioun vun dësem Verb ausgesäit, hu mir insgesamt 745 Iwwersetzunge vum Saz “Hast du die Blumen neben seiner Haustür gegossen?”  ausgewäert. Wéi een um Kéisdiagramm gesäit, fënnt een hei 3 Varianten: genat (51%, 376), genätzt (43%, 318) a gegoss (2%). Da gëtt et nach d’Rubik Aner (2%) ënner déi Variante wéi Wasser ginn, gedrängt a gestränzt regruppéiert goufen. Da goufen et och e puer Participante*ën, déi souwuel genat wéi och genätzt soten.

Geheie mer awer emol nach e méi genaue Bléck op d’Haaptvariante genat a genätzt. Op der enger Säit hu mer et mat enger Partizipsform mat dem sou genannte 'Réckëmlaut' vum Vokal (genat) an op der anerer Säit ouni Réckëmlaut (genätzt) ze dinn. Eng ähnlech Variatioun kann ee bei bitzen (gebutt vs. gebitzt) oder schätzen (geschat vs. geschätzt) beobachten.

Opfälleg ass hei awer och, datt ee keng eenzel Haaptvariant ausmaache kann, déi zwou Varianten allebéid zimlech heefeg virkommen a soumat prozentual no beienee leien. Et kann een deemno soen, datt d’Variabilitéit hei immens héich ass.

Natierlech stellt sech och hei erëm d’Fro, ëm wéi eng Aart vu Variatioun et sech eigentlech handelt. Sécher ass, datt  mer et hei NET mat enger regionaler Variatioun ze dinn hunn. Et ass deemno net esou, datt an enger bestëmmter Regioun genat an an enger anerer genätzt gesot gëtt. Handelt et sech eventuell ëm Variatioun, déi op Sproochwandel zeréckgeet? Fir dës Fro ze beäntwerten, kann ee sech d’Verdeelung no Alter ukucken. Och wann een e liichten Zouwuess zu genat-Varianten ausmaache kann, ass keng kloer Tendenz ze erkennen. D’50/50-Verdeelung zitt sech quasi duerch all Altersgrupp duerch.

An dësem Fall lount sech dowéinst e Bléck an eis Dicitonnairen. Souwuel de Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD)  wéi och dat méi aalt Luxemburgisches Wörterbuch (1950-1977) féieren déi 2 Varianten op. D’Wörterbuch der Luxemburgischen Umgagssprache (1905) dogéint kennt zwar indirekt déi zwou Formen, en Artikel gëtt et allerdéngs nëmme fir genat. Dëst kann een als Hiweis dorop verstoen, datt déi Form mat Réckëmlaut méi al ass, wéi déi ouni.

Am Verglach zu ähnleche sproochhistoreschen Entwécklunge kann een deemno festhalen, dass genat scho méi laang am Sproochgebrauch ass wéi genätzt (k. bitzen). Trotzdeem kann een zumindest de Moment nach net vun engem Sproochwandel, an deem déi méi al Variant ofhëlt an déi nei sech duerchsetzt, schwätzen. Ëmmerhi komme béid Varianten, an dat weisen d’Schnëssen-Daten, quasi gläichermoossen dacks vir.

AUDIO: Serie Schnëssen (7): Netzen

Iwwer d'Schnëssen-App: Schnësst mat!

"Schnëssen" ass déi éischt App, fir d'Lëtzebuerger Sprooch vun haut an all hire Facettë mat Toun-Opnamen ze erhiewen an ze dokumentéieren. Déi nei App ass Deel vun engem Projet vum "Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft" op der Universitéit Lëtzebuerg. Et geet drëm, d'Lëtzebuerger Sprooch an hirer ganzer Bandbreet ze dokumentéieren, also mat hiren Dialekter.

D'App ass ganz spilleresch opgebaut, esou geet et zum Beispill drëm, ze beschreiwen, wat een op engem Bild gesäit: Kanéil, Zimt oder nach eppes aneres? Falen, Rampel, Rompel oder Ronschelen op enger Stir? Donieft gëllt et, Sätz vum Däitschen a Franséischen an d’Lëtzebuergescht ze iwwersetzen a niewelaanscht gitt Dir dann ënnert anerem och nach gefrot, wat Äert Liiblingswuert am Lëtzebuergeschen ass. Mat der App soll gesammelt ginn, wat alles am Lëtzebuergesche virkënnt, "richteg" oder "falsch" gëtt et do net, et geet ëm d'Erhiewe vun Daten respektiv Donnéeën, net ëm d'Verbesseren oder d'Virschreiwen. Dat ass zum Beispill och bei der Fro no der "Wäi(n)fläsch" esou - wéi een et ausschwätzt, ass egal: D'Fuerscher wëlle just erausfannen, wéi vill Prozent d'Variant mat n a wéi vill déi ouni n benotzen ...

Déi eenzel Äntwerte ginn opgeholl an un d'Uni geschéckt. Dat mécht d'App vum selwen. De Set vu Biller a Froe gëtt och verännert.

Maacht och Dir mat, dass d'Sprooch an dëser ëmfaassender Dokumentatioun vun der Lëtzebuerger Sprooch vun haut vertrueden ass! Luet Iech d'App Schnëssen – Är Sprooch fir d'Fuerschung fir iOS oder Android erof a schnësst mat.

Zënter dem Release vun der App am Abrëll 2018 sinn ëmmer erëm nei Sets u Biller a Sätz an d’App komm. Viru Kuerzem war et dann elo och esou wäit, datt d’App mat neie Sätz, Froen a Biller an hir 5. Ronn gestart ass. Maacht also weider alleguerte mat an ënnerstëtzt d’Fuerscher bei der Dokumentatioun an Erfuerschung vum Lëtzebuergeschen.

Facebook: https://facebook.com/schnessen

Twitter: https://twitter.com/schnessen

Internet: https://infolux.uni.lu/schnessen

E-Mail: schnessen@uni.lu

Nathalie Entringer | Peter Gilles | Sara Martin | Christoph Purschke | Pol Breser

(c) Schnëssen-Projet, Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft, Universitéit Lëtzebuerg 2018

Reiefolleg vun der Serie op RTL.lu an op Radio Lëtzebuerg (nomëttes)