Lëtzebuergesch ass am Trend an am Wandel. D'Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft vun der Uni.lu dokumentéiert eis Sprooch per App.

An dëser Serie informéiere mir iwwert déi éischt Resultater aus der Schnëssen-App vun der Uni Lëtzebuerg, mat där d'Variatioun am Lëtzebuergesche vun haut erhuewen an analyséiert gëtt. Si dokumentéieren d'Diversitéit an de Räichtum vun enger Sprooch am konstante Wandel.

Ähnlech wéi bei Seechomes, Paiperlek oder Aperhoer gëtt dëse wichtegen Alldagsgéigestand mat enger Hellewull vu Variante benannt. An der Schnëssen-App hu mer also Nuesschnappech mat engem Bild ofgefrot a kruten 976 Äntwerten. An der globaler Verdeelung am Kéisdiagramm gesäit een, dass Nuesschnappech mat 80 % (781) d’Haaptvariant fir déi meescht Leit ass, deelweis och erweidert op Pabeiersnuesschnappech, woumat gläichzäiteg och eent vun de längste lëtzebuergesche Wierder virläit. Op déi reschtlech 20 % (195) verdeele sech eng ganz Rei vu Variante wéi Schnappdouch, Schniksdouch (am Norden), Nuesschnapp, Sakdouch oder och Tempo, dat wéi Bic oder Scotch vun engem Markennumm ofgeleet ass. An der Kategorie ‘aner’ fanne sech apaart Variante wéi Lingette, Nasdouch, Schnapsdech, Täschepabeier oder Kozendouch.

D’Wuert Schnappech ass eng Weiderentwécklung vum Schnappdouch, also eng Zesummesetzung aus engem Verb schnappen/schnauben an dem Douch. No an no ass mat der Zäit Douch ëmmer méi reduzéiert ginn, bis just nach -ech iwwreg blouf. Déi typesch Éisleker Form Schniksdouch/Schnéksdouch huet sech aus dt. ‘Schneuztuch’ entwéckelt, déi sech haut haaptsächlech an Éisträich fënnt.

Wann een sech d’Altersverdeelung ukuckt, gesäit ee keng dramatesch Verännerungen, d’Varianteverdeelung ass also relativ stabil. Déi eenzeg gréisser Verännerung betrëfft d’Variant Schnappecht an der eelster Altersklass, déi bei deene méi Jonken bal net méi existéiert.

Besonnesch flott ass d’Kaart mat der Varianteverdeelung unzekucken, wou ee

gesäit, dass d’Guttland relativ eenheetlech op Nuesschnappech agestallt ass. Nërdlech vun Dikrech fänkt eng schéi gestaffelt regional Verdeelung un, wa sech Schnappecht, Schnappdouch a schliisslech Schniksdouch ofwiesselen. Domat fanne mer an dësem nërdlechen Dialekt och déi eelst Virstufe vum haut preferéierten Nuesschnappech.

AUDIO: Serie Schnëssen (7): Pabeiersnuesschnappech

Iwwer d'Schnëssen-App: Schnësst mat!

"Schnëssen" ass déi éischt App, fir d'Lëtzebuerger Sprooch vun haut an all hire Facettë mat Toun-Opnamen ze erhiewen an ze dokumentéieren. Déi nei App ass Deel vun engem Projet vum "Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft" op der Universitéit Lëtzebuerg. Et geet drëm, d'Lëtzebuerger Sprooch an hirer ganzer Bandbreet ze dokumentéieren, also mat hiren Dialekter.

D'App ass ganz spilleresch opgebaut, esou geet et zum Beispill drëm, ze beschreiwen, wat een op engem Bild gesäit: Kanéil, Zimt oder nach eppes aneres? Falen, Rampel, Rompel oder Ronschelen op enger Stir? Donieft gëllt et, Sätz vum Däitschen a Franséischen an d’Lëtzebuergescht ze iwwersetzen a niewelaanscht gitt Dir dann ënnert anerem och nach gefrot, wat Äert Liiblingswuert am Lëtzebuergeschen ass. Mat der App soll gesammelt ginn, wat alles am Lëtzebuergesche virkënnt, "richteg" oder "falsch" gëtt et do net, et geet ëm d'Erhiewe vun Daten respektiv Donnéeën, net ëm d'Verbesseren oder d'Virschreiwen. Dat ass zum Beispill och bei der Fro no der "Wäi(n)fläsch" esou - wéi een et ausschwätzt, ass egal: D'Fuerscher wëlle just erausfannen, wéi vill Prozent d'Variant mat n a wéi vill déi ouni n benotzen ...

Déi eenzel Äntwerte ginn opgeholl an un d'Uni geschéckt. Dat mécht d'App vum selwen. De Set vu Biller a Froe gëtt och verännert.

Maacht och Dir mat, dass d'Sprooch an dëser ëmfaassender Dokumentatioun vun der Lëtzebuerger Sprooch vun haut vertrueden ass! Luet Iech d'App Schnëssen – Är Sprooch fir d'Fuerschung fir iOS oder Android erof a schnësst mat.

Zënter dem Release vun der App am Abrëll 2018 sinn ëmmer erëm nei Sets u Biller a Sätz an d’App komm. Viru Kuerzem war et dann elo och esou wäit, datt d’App mat neie Sätz, Froen a Biller an hir 5. Ronn gestart ass. Maacht also weider alleguerte mat an ënnerstëtzt d’Fuerscher bei der Dokumentatioun an Erfuerschung vum Lëtzebuergeschen.

Facebook: https://facebook.com/schnessen

Twitter: https://twitter.com/schnessen

Internet: https://infolux.uni.lu/schnessen

E-Mail: schnessen@uni.lu

Nathalie Entringer | Peter Gilles | Sara Martin | Christoph Purschke | Pol Breser

(c) Schnëssen-Projet, Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft, Universitéit Lëtzebuerg 2018

Reiefolleg vun der Serie op RTL.lu an op Radio Lëtzebuerg (nomëttes)