Lëtzebuergesch ass am Trend an am Wandel. D'Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft vun der Uni.lu dokumentéiert eis Sprooch per App.

An dëser Serie informéiere mir iwwert déi éischt Resultater aus der Schnëssen-App vun der Uni Lëtzebuerg, mat där d'Variatioun am Lëtzebuergesche vun haut erhuewen an analyséiert gëtt. Si dokumentéieren d'Diversitéit an de Räichtum vun enger Sprooch am konstante Wandel.

AUDIO: 14/08/2019 Schnëssen - dacks/oft

Dat klengt Adverb dacks féiert an Alldagsgespréicher oft zu laangen Diskussiounen. Mir wollten dowéinst erausfannen, wéi eis Schnëssen-Kommunitéit seet, an hunn dofir dat betraffent Wuert an e franséische Saz agebett – Ta soeur est géniale, elle raconte souvent les meilleures blagues! – an deem eis d’Iwwersetzung vum ‘souvent’ interesséiert. Soen eis Participante*ën also méi oft dacks oder méi dacks oft?

Den LOD kennt béid Varianten, genee wéi och déi eeler Dictionnairen, an deenen dack, dax, dack(e)s, oft ze fannen ass. Interessanterweis nennt den LWB d’Variant oft als gebräichlech an der Stad, déi um Land als “affektiert angesehen” gëtt. Oft ass domat keen Import aus der däitscher Tëlee, wéi ee vläicht kéint mengen, mee ass am Land als Parallelform scho laang am Gebrauch, ë.a. scho beim Michel Lentz (“Wat d’Heemecht ass, dat froen s’oft”). Mir wollte lo also erausfannen, wéi déi haiteg Verdeelung ass. Fir d’éischt lount et sech allerdéngs, op déi héichinteressant Sproochgeschicht vun dack(s) anzegoen. Fir d’éischt muss ee wëssen, dass eist dacks vum Adjektiv dt. dick ofgeleet ass (vgl. singen > sangen) a schonn an alhoudäitscher Zäit konnt d’Wuert nieft der geleefeger Bedeitung – dass eeben eppes oder een ‘déck’ ass – och eng zäitlech Bedeitung hunn, wéi mer se haut och kennen. Am Laf vun der Sproochgeschicht hu sech d’Wierder weider opgespléckt an eis déck an dack(s) sinn entstanen; lauschtert dozou och déi flott Emissioun vum Sproochmates.

An eiser Enquête konnte mer fir dëst Phenomen am Ganzen 1202 Sätz auswäerten, déi d’Participante*ën ageschwat hunn. Wärend 775 Varianten op dacks/dack oder oft falen, sinn et 327 Fäll an deenen de “souvent” mat meeschtens (169), ëmmer (209) oder soss engem Wuert (49) iwwersat goufen. Kuckt ee genee op déi zwou ursprénglech gesichte Begrëffer, weist sech eng kloer Tendenz, datt oft zu 78,5 % (608 Opnamen) an dack(s) just mat 21,5 % (167 Opnamen) optrëtt.

Sou weist sech a folgendem Diagramm ausserdeem, datt oft souguer méi heefeg genannt gouf wéi sämtlech aner Varianten zesummegeholl.

Betruecht een d’Verdeelung nom Alter vun de Spriecher*innen, da fält op, datt déi méi jonk Leit éischter d’Tendenz hunn, oft ze benotzen. Déi jéngst Spriecher*innen huelen den dacks bal guer net méi. Dass et sech ëm eng Verännerung handelt, déi scho ganz laang am Gaangen ass, erkennt een dodrun, dass schonn an der eelster Altersklass den dacks just nach mat 30 % virkënnt.

Iwwer d'Schnëssen-App: Schnësst mat!

"Schnëssen" ass déi éischt App, fir d'Lëtzebuerger Sprooch vun haut an all hire Facettë mat Toun-Opnamen ze erhiewen an ze dokumentéieren. Déi nei App ass Deel vun engem Projet vum "Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft" op der Universitéit Lëtzebuerg. Et geet drëm, d'Lëtzebuerger Sprooch an hirer ganzer Bandbreet ze dokumentéieren, also mat hiren Dialekter.

D'App ass ganz spilleresch opgebaut, esou geet et zum Beispill drëm, ze beschreiwen, wat een op engem Bild gesäit: Kanéil, Zimt oder nach eppes aneres? Falen, Rampel, Rompel oder Ronschelen op enger Stir? Donieft gëllt et, Sätz vum Däitschen a Franséischen an d’Lëtzebuergescht ze iwwersetzen a niewelaanscht gitt Dir dann ënnert anerem och nach gefrot, wat Äert Liiblingswuert am Lëtzebuergeschen ass. Mat der App soll gesammelt ginn, wat alles am Lëtzebuergesche virkënnt, "richteg" oder "falsch" gëtt et do net, et geet ëm d'Erhiewe vun Daten respektiv Donnéeën, net ëm d'Verbesseren oder d'Virschreiwen. Dat ass zum Beispill och bei der Fro no der "Wäi(n)fläsch" esou - wéi een et ausschwätzt, ass egal: D'Fuerscher wëlle just erausfannen, wéi vill Prozent d'Variant mat n a wéi vill déi ouni n benotzen ...

Déi eenzel Äntwerte ginn opgeholl an un d'Uni geschéckt. Dat mécht d'App vum selwen. De Set vu Biller a Froe gëtt och verännert.

Maacht och Dir mat, dass d'Sprooch an dëser ëmfaassender Dokumentatioun vun der Lëtzebuerger Sprooch vun haut vertrueden ass! Luet Iech d'App Schnëssen – Är Sprooch fir d'Fuerschung fir iOS oder Android erof a schnësst mat.

Zënter dem Release vun der App am Abrëll 2018 sinn ëmmer erëm nei Sets u Biller a Sätz an d’App komm. Viru Kuerzem war et dann elo och esou wäit, datt d’App mat neie Sätz, Froen a Biller an hir 5. Ronn gestart ass. Maacht also weider alleguerte mat an ënnerstëtzt d’Fuerscher bei der Dokumentatioun an Erfuerschung vum Lëtzebuergeschen.

Facebook: https://facebook.com/schnessen

Twitter: https://twitter.com/schnessen

Internet: https://infolux.uni.lu/schnessen

E-Mail: schnessen@uni.lu

Nathalie Entringer | Peter Gilles | Sara Martin | Christoph Purschke | Pol Breser

(c) Schnëssen-Projet, Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft, Universitéit Lëtzebuerg 2018

Reiefolleg vun der Serie op RTL.lu an op Radio Lëtzebuerg (nomëttes)

  1. Klunsch(el)t Dir nach oder schaukelt Dir schonn? (7. August)
  2. Vun Apelhoer an Operen: De faméisen Hoerbou iwwert den Aen (9. August)
  3. Wéi d’Fauscht op d’A(n) (12. August)
  4. Sot Dir dacks oft oder oft dacks? (14. August)
  5. Zahnpasta, Zännseef an de Brexit (20. August)
  6. Huet den Noper an der Vakanz d’Blumme genat oder genätzt?– De Partizip Perfekt vun nätzen (23. August)
  7.  Hues de e Pabeiersnuesschnappech fir mech? (28. August)
  8.  Iwwert Rank, Rénk a Réng. (30. August)
  9.  Et ass eng Wëssenschaft fir sech: D’Méi(n)en (2. September)
  10.  Vu Busser a Bussen – D’Sprooch am Wandel (5. September)
  11.  Däerf ee säit iwwerhaapt soen? (6. September)