D'Rock University, eng Museksschoul hei zu Lëtzebuerg, déi hir Course speziell un all Schüler upasst. Musek made in Luxembourg.

D'Rock Universitéit ass eng Museksschoul anescht wéi anerer. Do geet et net drëm d'Musek just einfach nëmmen ze spillen, mä se ze fillen, ze spieren a virun allem ze personaliséieren. D'Léierpersonal, dat aus professionellen a passionéierte Museker besteet, huet sech als Zil gesat all Talent sou vill wéi méiglech ze fërderen.
 
Mat speziell ugepasste Course kënne si op individuell Besoine vun de jeeweilege Schüler agoen, an dat spigelt sech och an der Musek erëm.

All Freideg stelle mer Iech iwwer den RTL You ee Museker a säi Video mat engem perséinlech gecoverte Lidd vir. Dës Woch ass et um Thierry Proia mam Lidd "Walk on the wild side" vum Lou Reed.
1. Ass d’Museksbranche an dengen Aen zu Lëtzebuerg genausou ausgepräägt ewéi am Ausland?

Menger Meenung no kann een déi Lëtzebuerger Museksbranche mat där aus dem Ausland vergläichen. Ech mengen, datt Musek een Deel vun der Kultur vum Grand-Duché ass, et brauch ee just ronderëm den Zentrum ze trëppelen an do héiert ee Museksgruppen, traditionell Chorallen oder Änleches.

2. Nieft dem Sange spills du nach een oder méi zousätzlech Instrumenter?

Ech spillen nach fir mäi Liewe gär Piano.

3. Wann's du dengem alen Ech vu vir 5 Joer een Tipp kéins ginn, wéi ee wier et?

Méi ze schaffen, méi selbstsécher ze sinn an anere Leit besser nozelauschteren.

D'Serie am Iwwerbléck