D'Rock University, eng Museksschoul hei zu Lëtzebuerg, déi hir Course speziell un all Schüler upasst. Musek made in Luxembourg.

D'Rock Universitéit ass eng Museksschoul anescht wéi anerer. Do geet et net drëm d'Musek just einfach nëmmen ze spillen, mä se ze fillen, ze spieren a virun allem ze personaliséieren. D'Léierpersonal, dat aus professionellen a passionéierte Museker besteet, huet sech als Zil gesat all Talent sou vill wéi méiglech ze fërderen.
 
Mat speziell ugepasste Course kënne si op individuell Besoine vun de jeeweilege Schüler agoen, an dat spigelt sech och an der Musek erëm.

All Freideg stelle mer Iech iwwer den RTL You ee Museker a säi Video mat engem perséinlech gecoverte Lidd vir. Dës Woch ass et um Vilde Vega mam d'Lidd "Lush life" vum Zara Larsson.

D'Vilde stellt sech an 2-3 Sätz vir

Mäin Numm ass Vilde an ech sinn 19 Joer al. Ech hu schwedesch a spuenesch Originnen, sinn awer zu Lëtzebuerg opgewuess a sinn och do an d'Europaschoul gaangen. Ech hunn am Alter vu 7 Joer ugefaangen an engem schwedesche Chouer ze sangen. Zanterhier ass meng Passioun fir d'Musek nëmmen nach méi grouss ginn.

1. Nieft der Musek hues du nach eng aner Passioun?

Nieft der Musek sinn ech och nach Sportbegeeschtert an hunn och laang Joren Tennis gespillt. Dobäi kommen nach meng Studien an eng Passioun fir d'Politik.

2. Nieft dem Sange spills du nach een oder méi zousätzlech Instrumenter?

Mir hunn e Piano doheem an ech hunn och Gittarcourse geholl, et ass awer beim Sangen, wou ech mech am wuelste fillen. Zanter ech mech erënnere kann, hunn ech ëmmer zesumme mat mengem Papp gesongen, wann hien doheem op der Gittar gespillt huet.

3. Wat plangs du nodeems Dir Är Studien ofgeschloss hutt?

No mengem Bac sinn ech a Schweden geplënnert, fir op d'Uni studéieren ze goen. Ech hoffen, datt ech mat dem Gesang nieft mengem Studium weiderfuere kann, well et mir vill Spaass mécht an ech dat gäre bäibehale wëll.

D'Serie am Iwwerbléck