Fréier war alles besser. Zum Beispill am Februar, wéi mer nach schaffe gaange sinn, an de Restaurant oder an de Kino.

Wann dat engem awer ze rezent ass, kann een eng Zäitrees an déi richteg gutt al Zäit maachen. Et brauch ee just eng Internetleitung...

1928. Zu Madrid geet eng vun den éischten Telefonsgesellschaften a Spuenien op.

D’Alba, eng jonk Fra, déi vun engem korrupte Polizist erpresst gëtt, hëlt d’Identitéit vum Lidia Aguilar un, fir eng Plaz als Telefonistin ze kréien. Do begéint si de Franciso Gomez erëm, hir grouss Léift mat där si virun 10 Joer op Madrid komm ass, ier se sech aus den Ae verluer hunn.

Carlota Rodriguez de Senillosa ass e Meedchen aus räichem Haus, dat sech géint säi strenge Papp, e Generol, rebelléiert, andeems hat als Telefonistin schafft.

D’Angeles ass bestuet, a sollt ursprénglech just schaffe goen, bis hire Mann genuch verdéngt, mä elo deet si sech schwéier, ze kënnegen.

D’Marga ass eng naiv jonk Fra vum Land, déi op Madrid kennt, wëll hir Boma mengt, se misst méi vum Liewe gesinn, ier se eng al Joffer gëtt.

Tëscht deene véier ganz verschiddene Fraen entsteet eng Frëndschaft, déi iwwert d’Joren, déi läscht Staffel spillt 1938, undauert.

Op Netflix kann een déi 5 Staffelen kucken, deemnächst kënnt och nach den zweeten Deel vun der fënnefter a leschter Staffel.

D'Deeler aus "Serien aus der gudder aler Zäit

D'Deeler aus "Serië fir e Marathon"

D'Deeler aus "Serien aus anere Kulturen"