
De Wil Lofy huet ënner anerem de Roude Pëtz an der Stad, de Réimecher Bacchusbur, de Blannen Theis zu Maacher, d’Statu vun der Maus Ketty zu Munneref an d’Déiere bei der Piratespillplaz am Stater Park entworf.
E Méindeg koum dunn déi traureg Nouvelle, datt de Lëtzebuerger Kënschtler am Alter vu 84 Joer gestuerwen ass.
De Lëtzebuerger Sculpteur a Moler gouf den 31. Januar 1937 zu Esch-Uelzecht gebuer. Seng zweet Heemecht hat de Wil Lofy wäit ewech vu Lëtzebuerg fonnt, nämlech am Chile.