Zënter 1992 gëtt de Prix Servais verdeelt an éiert domadder dat bedeitendst literarescht Wierk vum vergaangene Joer.

De Roman "Lärm" vum Guy Helminger gëtt mam Prix Servais 2022 ausgezeechent. Am Zentrum vum Roman steet de Versuch vun enger Rekonstruktioun vun der Liewensgeschicht vum Kaméidi-empflindleche Psychotherapeut Konrad Schnittweg. Wéi et an der Argumentatioun vum Jury ënnert der Presidentin Jeanne Glesener heescht, wier dem Auteur e Roman gelongen, deen duerch d'Pluralitéit vun de Sujeten an de Räichtum vun de Personnagen intelligent ass an duerfir z'ënnerhalen weess. Och d'thematesch Relevanz vum Helminger sengem Buch gëtt als multidimensional beschriwwen.

Zejoert hat d'Ulrike Bail de renomméierten Servais-Präis fir "wie viele Faden tief" krut - dësen ass mat 6.000 Euro dotéiert.

Et ass domat fir d'zweete Kéier no 2002, datt de Guy Helminger de Servais-Präis kritt. Deemools war dëst fir de Kuerzgeschichte-Band "Rost".

De Brudder vum Servaix-Präis-Laureat, de Nico Helminger, krut de Präis och ewell 2 Mol. "Lärm" ass zejoert bei capybarabooks erauskomm.

De Prix d'encouragement geet un d'Manuskript "Vies provisoires" vum Julien Jeusette.

Am Jury 2022 souzen: Jeanne E- Glesener (Presidentin), Simone Beck, Odile Linden, Claude Mangen, Pierre Marson, Alex Reuter, Shari Schenten, Aimée Schultz a Sébastien Thilges.

Laureaten zanter 1992

• 1992 : MANDERSCHEID Roger
• 1993 : GREISCH Pol
• 1994 : PORTANTE Jean
• 1995 : KOHNEN Joseph (Prix spécial)
• 1996 : JACOBY Lex
• 1997 : STECKEL Margret
• 1998 : ENSCH José
• 1999 : HOSCHEIT Jhemp
• 2000 : SCHMOETTEN Pol
• 2001 : HARSCH Roland
• 2002 : HELMINGER Guy
• 2003 : SORRENTE Jean
• 2004 : MUNO Claudine
• 2005 : JACOBS Jean-Paul
• 2006 : REWENIG Guy
• 2007 : SCHLECHTER Lambert
• 2008 : KOLTZ Anise
• 2009 : SAX Pol
• 2010 : REWENIG Guy (Tania Naskandy)
• 2011 : KRIER Jean
• 2012 : ORTLIEB Gilles
• 2013 : GREISCH Pol
• 2014 : HELMINGER Nico
• 2015 : MEYER Roland
• 2016 : PORTANTE Jean
• 2017 : WAGENER Nora
• 2018 : HELMINGER Nico
• 2019 : SCHMIT Elise
• 2020 : KIRPS Francis
• 2021 : BAIL Ulrike