Domat si si déi sechst Gemeng, déi am Kader vun der europäescher Kulturhaaptstad an de Mëttelpunkt réckelen.

Zu de Virgänger ziele Käerjeng, Péiteng, Beetebuerg, Diddeleng a Suessem. D'lescht Woch krut d'Pro-Sud-Gemeng dunn d'Fakel vu Suessem iwwerreecht.

Schëffleng zielt zu enger vun de klengste Pro-Sud-Gemengen. Mat senge ronn 11.300 Awunner ass et awer eng Gemeng mat enger héijer Densitéit. Eng vun der Gemeng hire Particularitéiten ass, dass se ganzer 109 verschidde Veräiner hunn. Déi meescht dovunner sinn am gesellschaftlechen, respektiv Fräizäitberäich. Mat 22 Veräiner ass awer och de Konscht- a Kultursecteur gutt vertrueden.

Fir hir Participatioun un Esch2022 hu si e voll gepaakte Programm op d'Been gestallt. Ee vun de Highlighten ass de bekannten "European People's Festival", deen 1992 fir d'éischt Kéier zu Libramont an der Belsch ofgehale gouf an dëst Joer op Schëffleng kennt. Zil vum Festival ass et, europäesch Länner a Kulture méi no zoueneen ze bréngen, andeems een eng Woch matenee verbréngt. An där Woch ginn dann, ënner anerem, eng Rëtsch Concerten, Kachkompetitiounen, e Fotosconcours a Sportsevenementer ofgehalen. Dëst Joer hu verschidde Partnerlänner och un der Fotografin Jessica Theis hirem Projet "Spieglein, Spieglein, mirror mirror" deel geholl.

De Projet ass eng Reflektioun op d'Konzept vum Auto-Portrait a vum Phenomen vum Selfie. Wéi den Titel et scho seet, besteet de Projet aus Spigelen, déi an alen Telefonskabinnen a speziell ugefäerdegten Holzkonstruktiounen installéiert goufen. Virun de Spigelen ass eng Foto vun enger Stad, bezéiungsweis Gemeng, déi Deel vun Esch2022 ass. Vue dass d'Foto gréisstendeels transparent ass, gesäit ee sech och selwer an der Reflektioun vum Spigel. D'Iddi wier et, dass d'Leit sollen eng Foto vu sech an deem Spigel maachen an dësen dann op de soziale Medien deelen. Am Ganzen huet d'Jessica Theis eng 55 Fotoen uechter Esch, Déifferdeng, Schëffleng an an der franséischer Grenzregioun geholl. D'Kabinne reese reegelméisseg vu Gemeng zu Gemeng, woubäi d'Fotoen dann och all Kéiers ausgetosch ginn.

Allgemeng interesséiert sech d'Jessica Theis fir sozial-kritesch Themen. Dat kënnt och an hirem zweete Projet "1001 Tonnen" zum Virschäin. Dësen ass inspiréiert vun engem Reportage, dee si virun e puer Joer gesinn huet, an deen d'Problematik vum Dreck an der Natur behandelt huet. 2019 huet si dunn hir eege Recherche lancéiert an ugefaangen, Dreck op de Stroossen, an de Bëscher an am ëffentleche Raum ze fotograféieren. D'Resultat gesäit ee fir den Ament a Form vu Chantierspanneauen uechter Schëffleng an am kulturellen Tiers-lieu Bâtiment4. Niewent deem traditionellen Ausstellungsformat huet si och nach e Buch erausbruecht, en Internetsite gestalt a reegelméisseg Botzaktiounen a verschiddene Pro-Sud-Gemengen organiséiert. Dëse Mount war dunn och Schëffleng un der Rei. Hei hu si an engem Grupp vun 8 Leit 16 Kilo Dreck op engem Kilometer opgeraf.

Vu September un, ass d'Jessica Theis da mat hirem Projet a verschiddene Lycéeën a Grondschoulen zu Besuch. Niewent der Ausstellung organiséiert si dann och Atelieren, fir och d'Kanner an d'Jugendlecher scho vu jonkem Alter un ze sensibiliséieren an op dës Problematik hinzeweisen.